Radioen

On air

Concert  |  Een Owend mat Tchaikowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Manktem un Detailer: Oppositioun kritiséiert Ried zur Lag vun der Natioun

Ried zur Lag vun der Natioun

Manktem un Detailer: Oppositioun kritiséiert Ried zur Lag vun der Natioun

Bei der Oppositioun gouf et an éischte Reaktioune Kritik um Premier senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun. Et wier net gewosst, wéi déi annoncéiert Steierentlaaschtunge géigefinanzéiert ginn, oder nach d'Aarmut bekämpft soll ginn.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Steierentlaaschtunge fir Stéit a fir Betriber, weider Depensen an de Beräicher Logement oder Defense. Detailer iwwer eng Géigefinanzéierung goufen awer keng genannt, bedauert de Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei.

"Gläichzäiteg krute mir gëschter e Communiqué vum Finanzrot, dee seet, datt den Defizit dëst Joer bal duebel esou héich ass, wéi ursprénglech geplangt, nämlech 427 Millioune méi.“

Och d’Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng, stellt d‘Fro, wéi déi annoncéiert Upassung vun der Steiertabell a Steierentlaaschtunge solle géigefinanzéiert ginn.

"Donieft goung rieds iwwer administrativ Vereinfachung, wou et awer am Ament net kloer ass, a wéi eng Richtung datt et soll goen.“

LSAP: Vereinfachung vu Prozedure keng Léisung fir alles

Eng Vereinfachung vun de Prozeduren ass natierlech gutt, mee wier keng Léisung fir Alles, betount d’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding.

"Wat ass mat Housing-first-Konzepter? Wat ass, zum Beispill, mat Mindestloun-Augmentatioun oder Steierfräimaachen? Dat hu mir mol gefuerdert an do goufe mir ëmmer vertréischt vun der Regierung.“

D‘Regierung géif un engem nationalen Aktiounsplang géint d‘Aarmutsbekämpfung schaffen. Dee wier awer a kengem Wuert genannt ginn, bedauert d‘Taina Bofferding.

Och de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, kritiséiert, datt de Premier virun allem vu Verkierze vun de Prozedure geschwat huet.

"All d'Etudë soen, datt de Problem vum Logement een ass, dee mat Steieren ze dinn huet. Steieren, déi d'Spekulatioun um Foncier ënnerstëtzen, déi d'Retentioun vum Foncier ënnerstëtzen."

ADR: Eng Ried ouni Visioun

Fir den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup hätt et an der Ried u Visioune fir Lëtzebuerg gefeelt. Et wier eng Ried vun engem Bürokrat, déi net beweegt hätt.

D‘ADR géif déi administrativ Ännerunge begréissen, mee kritiséiert och, datt net gewosst ass, wat et kascht.

Eng ganz aner Analys vun DP an CSV

D’Majoritéitsparteie maachen eng ganz aner Analys vun der Ried vum Premier zur Lag vun der Natioun. Als déi dräi grouss Prioritéite gesäit den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum de Logement, d'Energietransitioun an awer och d‘Aarmutsbekämpfung.

"Wou hien och ganz laang drop agaangen ass, wou hien op d'Kanner agaangen ass, op d'Famillen, datt mir do och nach ganz grouss Efforte musse maachen. Dat huet mir ganz gutt gefall.“

Virun allem géif een elo gesi wat alles an de leschte Méint an de Ministèrë geschafft gi wier, ënnersträicht den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz. Hie mengt, datt eng Rei Gesetzesprojete scho virun der Summervakanz kéinten deponéiert ginn.

An der Chamber sinn haut de ganzen Dag d’Debatten zu der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun.

Lauschterenplay_arrow