Radioen

On air

De Moien  |  Georges Rassel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ „Make Europe great again": Motto vun der ungarescher EU-Presidence provozéiert

Europäesch Unioun

„Make Europe great again": Motto vun der ungarescher EU-Presidence provozéiert

Make Europe great again - dat ass de Motto vun Ungarn fir seng EU-Présidence, déi den 1. Juli ufänkt. Am Virfeld leet sech den ungaresche Premier mat dene Staats- a Regierungscheffen un, déi sech dofir asetzen, datt d'Ursula von der Leyen eng zweete Kéier Kommissiounscheffin gëtt.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

Viktor Orban | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Um informellen EU-Sommet krut d’Ursula von der Leyen net nëmmen de Support vu Vertrieder aus hiren eegene Reien zougesot. Si ass eng exzellent Kandidatin - hat zum Beispill den hollännesche Liberale Mark Rutte festgehalen. Och déi dänesch Sozialdemokratin Mette Frederiksen huet d’CDU-Politikerin an den héchsten Téin gelueft.

Ungarn, awer wäert d’Kandidatur vun der Ursula von der Leyen, fir Kommissiounspresidentin ze ginn, net ënnerstëtzen. Dat huet den EU-Minister Janos Boka den Dënschdeg confirméiert. Hie sot dat zu Budapest op enger Pressekonferenz, wou hien ënner anerem de Motto vun där Presidence presentéiert huet. Deen dierfte verschiddener als Provokatioun ugesinn.

“Make Europe great again” - steet ënnert dem Logo - dee sech um Cube vum ungaresche Bau-Ingenieur an Architekt Ernö Rubuk inspiréiert. Datt dat eppes mam Donald Trump sengem “Make America great again” ze dinn hätt, weist de Minister wäit vu sech. Ungarn hätt sech och scho bei senger leschter EU-Presidence fir ee staarkt Europa agesat - an doriwwer eraus géif hie bezweifelen, datt den Donald Trump sech jeemools géif dofir asetzen, Europa grouss ze maachen.

Onkloer, mat wiem d'Fidesz-Vertrieder wäerten zesummeschaffen

De Wëlle vum Europäesche Vollek wier zu Bréissel ignoréiert ginn. Dat war dem Viktor Orban säi Commentaire no der Reunioun e Méindeg den Owend op Twitter. D’Europäesch Vollekspartei géif de Wieler:innen net nolauschteren - a sech trotz dem Zouwuess vum rietse Fligel d’Top-Poste mat de Liberalen a Sozialisten opdeelen. Dat géif hie sech net gefale loossen, sou den Viktor Orban. Hie géif sech mat aneren zesummendinn a géint déi pro-Migratioun a pro-Krich Bürokratie kämpfen.

Selwer sicht hien allerdéngs fir seng 11 gewielte Vertrieder nach ëmmer ee politescht Doheem zu Bréissel. D’Europadeputéiert vu senger Fidesz Partei ware jo matten an der Legislaturperiod aus der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei ausgetrueden. Elo strieft den ungaresche Premier ee grousse politesche Grupp op där rietser Säit un - am beschte mam Marine Le Pen hirem Rassemblement National an der Giorgia Meloni hirer Fratelli d’Italia.

Ungarn hätt bis elo net iwwer alternativ Kandidaten diskutéiert

Zu engem Zesummeschloss koum et awer bis elo net - och Gespréicher e Méindeg tëschent der italieenescher Premierministerin an dem ungaresche Premier sinn ouni Resultat bliwwen. Hie wéisst nach net, wéi eng Zukunft seng Partei an der EU hätt, mee et wier eng voller Glanz, sou de Viktor Orban no deem Gespréich.

Et hätt een nach bis de 4. Juli Zäit, fir politesch Fraktiounen am Parlament ze forméieren, sou gëscht den Janos Boka.

Mat wat am Gepäck den Viktor Orban déi nächst Woch op den EU-Sommet kënnt, wa virun iwwert déi iewescht Poste verhandelt gëtt, ass iwwerdeems net kloer. Iwwert alternativ Kandidaten a Kandidatinnen hätt ee bis elo net diskutéiert - sou den Dënschdeg den ungareschen Europa-Minister Janos Boka.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen