Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: Een Deel vum Persounepak?

EU-Sommet

Nicolas Schmit: Een Deel vum Persounepak?

Um éischten EU-Sommet no den Europawale geet et ënner anerem drëm, Spëtzeposten an der EU nei ze besetzen. D'Fro, ob d'Sozialiste fir hire Spëtzekandidat Nicolas Schmit Revendicatioune stellen, bleift awer op.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Nicolas Schmit | © European Union play_arrow
Foto: European Parliament

Um EU-Sommet zu Bréissel gëtt haut den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj erwaart. Hie wäert mat de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner een Accord ënnerschreiwen, deen der Ukrain wéinst dem russeschen Ugrëff soll laangfristeg Sécherheetsgarantië ginn. Dat bis 2029.

Strategesch Agenda bis 2029

D’Staats- a Regierungscheffen hunn och wëlles sech iwwert eng strategesch Agenda fir d’EU eens ze ginn. Déi soll déi grouss politesch Prioritéite fir déi nächst fënnef Joer festleeën.

Et ass deen éischte regulären EU-Sommet zënter den Europawale vum 9. Juni. Um Ordre du jour steet dofir och eng Decisioun iwwert d’Nominatioune vun de Spëtzeposten an der EU. Hei ware sech déi grouss Parteie schonn am Virfeld eens ginn. Dee Pak muss awer elo nach endgülteg ugeholl ginn.

Accord iwwert Spëtzen-Trio

Deem virleefegen Accord no géif d’Ursula von der Leyen een zweet Mandat als Kommissiounscheffin kréien. De Sozialist a fréiere portugisesche Premier António Costa géif fir de Poste vum Conseilspresident nominéiert ginn, an déi Liberal Kaja Kallas fir dee vum EU-Baussebeoptraagten.

E Méindeg virun enger Woch louchen op engem informellen EU-Sommet déi nämmlecht dräi Nimm um Verhandlungsdësch. Eens gi si sech d’Staats- a Regierungscheffen awer net. Wat ass elo anescht?

Éischtens, datt et wuel een Accord gëtt tëscht de Vertrieder vun de grousse pro-europäesche Parteien, der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen. D’EVP schéngt noginn ze hunn. Si hat déi lescht Woch versicht, sech nieft der Presidence vun der Kommissioun och de Poste vum Conseilspresident op d'mannst fir d’Hallschent vun der Legislaturperiod ze sécheren. Een Usproch, deen elo net méi schéngt ze bestoen.

Giorgia Meloni an Viktor Orbán sinn net zefridden

Allerdéngs bleift d’Fro op, a wéi wäit sech déi italieenesch Premierministerin Giorgia Meloni mat deem Pak zefridde gëtt. Si vertrëtt dat drëtt gréissten EU-Land an een Deel vun de rietse Parteien aus där Fraktioun am Parlament, déi gestäerkt gouf. Si ass bei deem Accord guer net gefrot ginn. Dat huet hir net gefall. Méiglecherweis gouf hir een héije Kommissärsposten zougesot. Ob dat awer duergeet ass net sécher.

Och den ungaresche Premier Viktor Orbán ass bis elo net u Bord. Allerdéngs kann d’Decisioun och ouni Meloni an Orbán geholl ginn. Eng Majoritéit geet duer.

Zil ass e méiglechst breeden Accord

Et géif een ustriewen, datt den Accord vu méiglechst ville matgedroe gëtt, sou gëscht een héijen EU-Diplomat. Dorop, datt dat nach net an dréchenen Dicher ass, weist allerdéngs eppes hin: Bis e Mëttwoch den Owend war net gewosst, ob dee Punkt vun de Personalien als éischten dru kënnt, oder ob een e léiwer um Ordre du jour no hanne réckelt, fir méi Spillraum ze hunn.

Froe Sozialisten ee Posten an der Kommissioun fir Nicolas Schmit?

Onkloer bleift och bis zum Schluss, ob de Pak wierklech zou ass, oder ob net nach a leschter Minutt Revendicatiounen op den Dësch kommen. Zum Beispill déi vun de Sozialisten, datt si fir hire Spëtzekandidat, den Nicolas Schmit, och een héije Posten an der Kommissioun verlaangen.

An deem Fall wieren d’Aen op de Lëtzebuerger Premier geriicht. Dee misst säi Kandidat zeréckzéien an ee Vertrieder vun der Oppositioun nominéieren. Eppes, wat hie bis elo refuséiert huet.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik