Radioen

On air

De Moien  |  Claire Valentina - So Not It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: "Et ass net einfach bei e puer honnert Millioune Leit bekannt ze sinn"

Europawalen

Nicolas Schmit: "Et ass net einfach bei e puer honnert Millioune Leit bekannt ze sinn"

Den Nicolas Schmit wiert sech géint de Reproche hir wier am Europawalkampf deelweis ze zam gewiescht: “Ech hunn ëmmer kloer gesot, datt ech net an dee Walkampf gi fir de Bilan vun enger Kommissioun ze attackéieren, vun der ech selwer Member war”, esou den europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialisten am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Nicolas Schmit | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Hien hätt déi aktuell Kommissiounscheffin awer op deene Punkten attackéiert, wou dat néideg war. Esou wier et fir d’Sozialisten zum Beispill keng Optioun, sech op eng Allianz mat extreem-rietse Parteien anzeloossen.

D’Ursula von der Leyen wier do net esou kloer, esou den Nicolas Schmit am 100,7-Interview.

Nicolas Schmit: D'Sozialiste sollen och een Impakt hunn

Hien appelléiert och un d’europäesch Regierungen dofir ze suergen, datt och weiderhi genuch Sozialisten an der EU-Kommissioun vertruede sinn. Den europawäite Spëtzekandidat vun de Sozialisten huet am 100,7-Interview betount et wier wichteg, datt d’Sëtzverdeelung am EU-Parlament och en Impakt op d’Zesummesetzung vun der EU-Kommissioun hätt.

“Bei de Regierungen an Europa sinn d’Sozialiste relativ schlecht vertrueden. A wann eng Partei zweetstäerkst Partei am Europaparlament ass, an eigentlech näischt direkt ouni déi Partei ka lafen, dann ass et natierlech och wichteg, datt déi Partei an der Kommissioun eng Réi Kommissären huet. Mir haten der elo aacht oder néng. An et wier e bësse komesch, wann et der herno just nach zwee oder dräi wieren. An dofir ass d’Spill natierlech esou, datt deem muss Rechnung gedroe ginn.”

Déi 27 EU-Kommissäre gi vun den nationale Regierungen nominéiert. Déi Kandidature mussen duerno dann nach vum EU-Parlament guttgeheescht ginn.

D’Lëtzebuerger Regierung huet ugekënnegt, datt se de Christophe Hansen als Kommissär wëllt nominéieren. Wann se dat mécht, da wier den Nicolas Schmit net an der Kommissioun vertrueden, obwuel hien europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialisten ass.

Nach ëmmer net bekannt genuch?

Virun den Europawalen tourt den Nicolas Schmit als europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialisten duerch Europa. An do wier him deelweis bewosst ginn, datt vill Wielerinnen a Wieler de Lëtzebuerger Spëtzekandidat net onbedéngt gutt kennen, sot de Nicolas Schmit am 100,7-Interview.

Dat wier fir hien awer kee Problem, esou den Nicolas Schmit.

"Et gëtt natierlech och Länner, wou déi Messagë méi wéi an aneren duerchkommen. Ech mengen an Italien, well et sech do och ëm eng grouss Kontrovers handelt. Mat där Extremedroite hunn ech d'Impressioun, datt meng Messagë ganz gutt ukommen. Mee bon, et ass net einfach bei e puer honnert Millioune Leit bekannt ze sinn."

Et géing och net jiddereen d'Ursula von der Leyen kennen, esou nach den Nicolas Schmit.


Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik