Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Nimm fir EU-Top-Poste si konfirméiert

Nei EU-Kommissioun

Dräi Nimm fir EU-Top-Poste si konfirméiert

Déi aktuell EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen kéint fir een zweet Mandat op hirem Poste bleiwen. Zwee Deeg virum EU-Sommet si sech gëschter um Dënschdeg verschiddene Medien no d’Negociateuren doriwwer eens ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

Den Accord geséich och vir, datt de Portugis Antonio Costa President vum Europäesche Conseil gëtt an d’Estin Kaja Kallas de Poste vun der EU-Baussebopraagten iwwerhëlt.

Kommissiounspresidentin ass d’Ursula von der Leyen eréischt, wa si vum Europaparlament gewielt gëtt. Zimmlech sécher ka si op d’Stëmme vun den Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen zielen. Déi setzen, wéi et schéngt, op Kontinuitéit. Si hunn allen dräi ouni Géigekandidaten déi nämmlecht Persounen un der Spëtzt vun hire Fraktiounen erëmgewielt.

Charles Goerens: Et kënnt op d'Qualitéit vun der Fraktioun un

Geschwächt ass de Grupp vun de Liberalen, dee wéinst verschiddene Revirementer just nach 74 Memberen huet, an op déi véierte Plaz geréckelt ass.

Dee “Läuterungsprozess” wier net dramatesch, fënnt iwwerdeems de Charles Goerens, deen als erëmgewielten DP-Europadeputéierte Member an där Fraktioun ass.

"Ech hu léiwer eng gëeente Fraktioun, déi zu fënnefasiwwenzeg eng gutt Aarbecht ka maachen, wéi eng, déi numeresch méi staark ass an op weesentleche Punkten, zum Beispill bei der Verteidegung vum Rechtsstaat, net all op de selwechte Linne leien."

"Den Nicolas Schmit war ee grousse Spëtzekandidat"

A wat geschitt mam Nicolas Schmit, dem Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialisten?

Am Parlament wier ee sech eens, datt hien net soll fale gelooss ginn, seet de Marc Angel, erëmgewielten LSAP-Europadeputéierten. D’Fro och un déi nei gewielte Cheffin vu senger Fraktioun d’Iratxe Garcia Perez, déi do net vill konnt annoncéieren.

"Den Nicolas Schmit war ee grousse Spëtzekandidat", esou déi spuenesch Sozialistin. Hien hätt de soziale Modell verdeedegt, fir deen hir Partei stéing.

"Mir wäerten haart dru schaffen, fir hien ze ënnerstëtzen."

Wat dat genee heescht, wäert sech da weisen, wa virun iwwer d’Detailer verhandelt gëtt.

Marc Angel: "Ech hunn näischt ze verléieren"

Vum Marc Angel war et nach d’Annonce, datt hien och am neie Parlament fir ee vun de Posten als Vizepresident vum Parlament wäert kandidéieren.

"Ech hunn näischt ze verléieren. Ech ginn dat ganz geloossen un, an ech mengen, datt ech och mat engem gudde Bilan an déi Course kann eragoen."

Déi Votte sinn an der Woch vum 15. Juli, wann dat neit Parlament fir déi éischte Kéier zesummekënnt. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen