Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Sommet zu Bréissel ass op en Enn gaangen

Bréissel

EU-Sommet zu Bréissel ass op en Enn gaangen

D'Ursula von der Leyen ass lancéiert fir een zweet Mandat. Si gouf gëschter um EU-Sommet als Kommissiounscheffin nominéiert. Déi 27 Staats-a Regierungscheffen hu mat grousser Majoritéit och fir d’Nominatioun vun der Kaja Kallas als EU-Baussebeoptraagten a vum António Costa als Conseilspresident gestëmmt. Et war awer net jiddereen zefridden.

auto_stories

2 min

De Luc Frieden zu Bréissel um EU-Sommet. (Foto: European Union)

Um Enn war eng grouss Majoritéit fir déi dräi Nominatiounen, vun deenen den António Costa den eenzegen ass, dee sécher op deem Posten ass. Déi zwee aner mussen nach vum EU-Parlament confirméiert ginn.

Nëmmen Ungarn an Italie waren net d’accord.

Tusk: Keen Europa ouni Italien

D’EU stoung zesummen, dat sot hënt de Lëtzebuerger Premier direkt no de Verhandlungen. De Luc Frieden huet vun enger immens gudder Propos fir d’Spëtzeposte geschwat. Virdru gouf nach probéiert op d’mannst Italie mat anzebannen.

Kuerz virum Optakt vun de Gespréicher sot den Donald Tusk, datt et keng EU ouni Italie gëtt. Déi italieenesch Premierministesch huet d’Nominatiounen als methodesch an inhaltlech falsch bezeechent, well si net dem Wielerwëlle géingen entspriechen.

Wat sinn elo déi nächst Schrëtt? 

D’Ursula von der Leyen muss eng Majoritéit vun de 720 Europadeputéiert kréien. Si kann do op d’Allianz vu Chrëschtdemokraten, Sozialdemokraten a vun de Liberalen zielen, déi zesumme scho mol op 400 Stëmme kommen.

Et ass awer nach net sécher, ob jiddereen si ënnerstëtzt. Op d’Fro, ob si och mat der rietsnationaler Fraktioun e Gespréich komme wëll, sot d’Ursula von Leyen, datt si mat alle Fraktioune schwätze wëll.

Vott vun der Fratelli d'Italia bleift oppen

Déi Gréng wieren ënner bestëmmte Konditioune prett fir eng demokratesch Allianz ronderëm d’Ursula von der Leyen ze ënnerstetzen, sou de Moien de Commentaire vun der grénger EU-Deputéiert Tilly Metz.

D’Giorgia Meloni huet iwwregens hënt géint den António Costa an d’Kaja Kallas gestëmmt, mee huet sech awer bei der Ursula von der Leyen enthalen. Domat léisst si op, wéi déi 24 Deputéiert vun hirer Fratelli d’Italia sech beim Vott am Europaparlament verhalen. Dee Vott kéint schonn den 18. Juli, also a knapp dräi Wochen, sinn.

 

 

Aktualitéit
Europa
Europawalen