Den Accord ënner den EU-Länner ass provisoresch a muss nach duerch eng schrëftlech Prozedur am Laf vum Freideg confirméiert ginn. Dat ass awer just eng Formalitéit.
Kloere Vott fir den Accord
Op der Sëtzung vun den EU-Ambassadeuren huet um Enn eng kloer Majoritéit fir den Accord gestëmmt. Ee Vott iwwer den EU-Mercosur-Accord war am Dezember verluecht ginn, nodeems Frankräich an Italie méi Garantië fir d’Bauere gefrot haten.
Frankräich ass bei sengem “Nee” bliwwen, dat hat de President Emmanuel Macron schonn en Donneschdeg den Owend annoncéiert.
Eisen Informatiounen no, hunn och Irland, Éisträich, Polen an Ungarn dogéint gestëmmt. D’Belsch huet sech enthalen. Dat ass awer net duergaangen, fir den Accord ze stoppen.
Fir op déi néideg qualifizéiert Majoritéit ze kommen, mussen op d'mannst 15 Memberlänner, déi op d'mannst 65 Prozent vun der Bevëlkerung representéieren, dofir stëmmen.
D’Stëmm vun Italien, deem Land mat der drëttgréisster Bevëlkerung an der EU, huet dowéinst den Ausschlag ginn.
Gréissten Handelsaccord bis elo vun der EU
D’Ënnerschrëft ënner dem Mercosur Accord tëschent der EU a Brasilien, Argentinien, Paraguay an Uruguay géif de Wee fräi maache fir dat gréisst Handelsofkommes, wat d’Europäesch Unioun bis lo ofgeschloss huet.
Mat iwwer 700 Millioune potentielle Consommateuren géif doduerch eng vun de gréisste Fräihandelszonen op der Welt entstoen.
Den Accord gesäit vir, datt d’Douanestaxen vu ronn 90 Prozent vun den Wuere schrëttweis ofgebaut ginn. Fir sensibel Agrarproduite géife speziell Schutzmesure gëllen.
D’Negociatiounen iwwer den Accord hu méi ewéi 25 Joer gedauert.
Zousätzlech Schutzmesure fir d’Baueren
D’Länner hu sech och nach eng Kéier formell fir Sécherheetsmesuren ausgeschwat, déi eventuell negativ Konsequenze fir déi Europäesch Bauere sollen ausgläichen. Déi Mesure gëlle fir verschidden, sensibel Agrarproduiten.
Virgesinn ass, datt, wann d’Importer vun deene Produkter ze staark klammen, eng Enquête iwwer méiglech Suitte lancéiert gëtt.
D’Länner hunn sech haut dofir ausgeschwat, datt déi Limite soll vu fënnef op aacht Prozent gehéicht ginn. Dat war de Wäert, fir deen sech och d’Europaparlament agesat hat.
D’Baskenorganisatiounen hunn déi Mesure kritiséiert a gesot, si géifen ze spéit gräifen.
Ënnerschrëft - ouni Accord vum EU-Parlament
Geplangt ass elo, datt d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun zesumme mam Conseilspresident Antonio Costa a Paraguay reest, fir den Accord ze ënnerschreiwen.
E géif dono provisoresch a Kraaft trieden, ier d’Europaparlament säin Accord dofir ginn huet.
Net sécher, ob d’EU-Parlament och “Jo” seet
Mam Vott vun den EU-Länner ass den Accord nach net duerch all d’Instanzen an der EU. D’Europaparlament muss och nach zoustëmmen. Grouss Fraktioune wéi d’Europäesch Vollekspartei oder d’Sozialisten hunn sech dohannert gestallt.
D’EU kéint sech et net leeschten dogéint ze sinn, esou d’Cheffin vun de Sozialisten am Europaparlament, d’Iratxe Garcia Perez.
Den EU-Mercosur-Accord ze ënnerschreiwe fir ee strategesche Choix fir d’Autonomie vun der EU, fir hir Wäerter an hir global Roll.
The EU cannot hesitate.
— Iratxe García Pérez /❤️ (@IratxeGarper) January 8, 2026
Signing the EU-Mercosur agreement is a strategic choice for our autonomy, our values and our global role.
Against coercion, intimidation and zero-sum politics, we choose partnership, multilateralism and democracy.
🇪🇺 Council: act now.
D’Meenunge gi queesch duerch d’Parteien auserneen. Een Ausgank vum Vott ass deemno net sécher. Et gëtt et Kritik, virun allem dorun, datt den Accord kéint ënnerschriwwe ginn, ier d’Parlament doriwwer ofgestëmmt huet. Dat ass vun der Prozedur hir méiglech, ma eigentlech ongewéinlech.
D’Memberlänner an d’Kommissioun géifen den Accord duerchdrécken, reegt sech de President vun der Ëmweltkommissioun, de Pascal Canfin op “X” op.
Deciding to implement the #Mercosur agreement without waiting for the European Parliament's vote, which is expected to be very close, is unprecedented for an agreement of this magnitude.
— Pascal Canfin (@pcanfin) January 8, 2026
The Council and the Commission are forcing it through.
The 🇪🇺 Parliament can’t accept this!
Tilly Metz dofir, den Accord virum EU-Geriicht ze iwwerpréiwen
Den Accord géif een onfairen Handel fërderen, ass iwwerdeems déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz iwwerzeegt. Si schafft zesumme mat aneren EU-Deputéierten un enger Plainte virum Europäesche Geriichtshaff.
Am Text vum Ofkommes wier ee Kompensatiouns-Mechanismus virgesinn, fir de Fall, datt d’Europäesch Unioun Ëmwelt- oder Klimaschutzmesurë verschäerft. Et misst een iwwerpréiwe loossen, ob dat konform mam EU-Recht ass, esou déi gréng Politikerin.