arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bauerenallianz: Fair a modern Accorden eng Grondlag fir Handel a Wuesstem

Nom Mercosur-Accord

|
headphones

1 min

Bauerenallianz: Fair a modern Accorden eng Grondlag fir Handel a Wuesstem

Handel braucht Reegelen: Dat schreift d‘Bauerenallianz an engem Communiqué am Kontext vum Mercosur-Accord mat de südamerikanesche Länner. Et hätt ee Verständnis fir d‘Baueren an hir Protester, et distanzéiert ee sech awer vun all Gewalt.

headphones

1 min

D‘Bauerenallianz ernimmt an hirem Communiqué verschidde Berechnungen déi soen, datt den Accord den EU-Bauere kaum wäert schueden, mee der Industrie awer wäert notzen, an och gutt fir d‘Relatioune mat Südamerika wier.

Natierlech géife kloer Reegele gebraucht ginn, fir eng Wettbewerbsverzerrung mat Südamerika ze evitéieren. An dësen onsécheren Zäite wieren awer fair, modern a sozial Accorden eng Grondlag fir Handel a Wuesstum, esou d‘Bauerenallianz.

Déi wierklech Erausfuerderung gesi si den Ament net am Mercosur-Accord, mee eng éeigelech EU-Erweiderung Richtung Ukrain. Wéi dann d‘Finanzéierung vun der gemeinsamer Agrarpolitik ausgesäit, géif aktuell nach an de Stäre stoen, esou d‘Bauerenallianz.