Radioen

On air

Concert  |  La France fantastique

play_arrow Live
search

/ Maçonlux ass Faillite, confirméiert den OGBL

Bausecteur

Maçonlux ass Faillite, confirméiert den OGBL

Mat Maçonlux huet eng weider Constructiounsfirma hei am Land Faillite gemaach. Dës Meldung, déi Contacto als éischt publizéiert hat, huet den OGBL eis confirméiert.

auto_stories

1 min

© Rupert Oberhäuser / picture alliance
(Foto: Rupert Oberhäuser / picture alliance)

D‘Firma hätt zwar Opträg, awer keng Liquiditéite méi gehat. E Fournisseur, deen eng Rechnung net bezuelt kritt hat, hat d‘Handelsgeriicht ageschalt. Muer de Moien huet den OGBL eng Reunioun zu Esch virgesinn, fir déi 90 concernéiert Mataarbechter, ze informéieren.