D'Projete kënnen dëst Joer agereecht ginn. Déi, déi zeréckbehale ginn, gi staatlech subventionéiert. De liberale Minister wëllt eegenen Aussoen no, datt Lëtzebuerg fir Studentinnen a Studenten och no hirem Studium weiderhin attraktiv bleift.
Hien hätt a ville Rencontere mat Jonken, déi am Ausland studéieren, an de leschte Joren ëmmer erëm de Message kritt, datt si sech froen, ob si sech wéinst der Wunnsituatioun iwwerhaapt kéinten erlabe fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.
"A wa vun deenen dee Message kënnt, da mengen ech, hu mir Problem, an da sollte mir och reagéieren."