Radioen

On air

9 bis 1  |  Destroyer - Savage Night At The Opera

play_arrow Live
search

/ Lydie Polfer: Justizministère muss aktiv ginn, fir d'Situatioun op der Gare ze meeschteren

Sécherheetslag hätt sech net verbessert

Lydie Polfer: Justizministère muss aktiv ginn, fir d'Situatioun op der Gare ze meeschteren

Déi stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet wëlles e Bréif un de Staatsministère schreiwen. Dat wéinst der Situatioun op der Stater Gare. All déi concernéiert Ministèren, virun allem de Justizministère, missten zesumme Weeër fannen, fir besser kënne fir d’Sécherheet op der Gare ze suergen.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Dat seet d’DP-Buergermeeschtesch am 100,7-Interview, e puer Deeg nodeems ee Bewunner:innen aus dem Quartier op de soziale Medien annoncéiert huet, eng Biergermiliz wëllen ze grënnen, sollt d’Sécherheetslag sech net verbesseren. 

D’Lydie Polfer widderhëlt domat en Appell dee si Ufanks der Woch scho bei RTL gemaach huet. Besonnesch de Justizministère misst elo aktiv ginn, fir der Situatioun op der Gare Meeschter ze ginn. 

"Mir kennen d'Reaktiounen"

Et wier ee schonn zënter Joren a Kontakt mat de Bewunner:innen, sou d’Buergermeeschtesch, an d’Annonce vun enger méiglecher Miliz wier näischt Neies. 2017 hätt sech d'Situatioun och well eng Kéier op dës Aart a Weis zougespëtzt.

"Wou hu mir als Schäfferot jo zréckgegraff hunn op d'Société de gardienagen, déi eeben an deem Quartier circuléiert sinn. Ech brauch Iech net drun ze erënneren, wéi do d'Reaktioune vu verschiddene Parteie waren."

D’Kontrakter vun der Stad Lëtzebuerg mat de private Sécherheetsfirme sinn am Mäerz d’lescht Joer auslafe gelooss an net méi erneiert ginn. Dat, ënnert anerem well méi Police present wier, sou d’Lydie Polfer. Mee dat géing net duergoen. 

"Si schreiwen op, si huele fest, (si mierken) datt do Saache geschéien, déi net an der Rei sinn. Mee wa se duerno klasséiert ginn (...), dat gëtt d'Gefill vun der Impunitéit, vun der Stroflosegkeet, souwuel fir déi, déi déi Saache maachen, wéi och fir d'Leit, déi dat do gesinn a mat verfollegen."

De Problem wier, datt zwee Drëttel vun den Dossieren ouni Suivi géife klasséiert ginn, sou d’Lydie Polfer, a weist domat op d’Justiz.

"Enger demokratescher Gesellschaft net würdeg"

Där feelt et virop u Personal: Den adaptéierte Plan pluriannuel gesäit op 3 Joer 94 nei Plaze vir, mee et wier schwiereg, déi richteg Leit dofir ze fannen, esou d’Procureur général d’État Martine Solovieff um Neijoerschpatt vun der Justiz ufanks der Woch.

Et wier einfach ze soen, d’Justiz wier lues, mee esou ënnerbesat wéi ee bei der Justiz wier, misst ee Prioritéite setzen, bedauert d’Martine Solovieff. Fir deem entgéint ze wierken, missten ënnert anerem d’Prozeduren iwwerschafft ginn.

Dat wier een an enger demokratescher Gesellschaft net würdeg an et missten aner Moyenen ageschloe ginn, fir datt et net méi esou ass, fënnt d‘Stater Buergermeeschtesch.

D’Procureur generale d’Etat, d’Martine Solovieff, hat e Mëttwoch schonn um Neijoerschpatt vun der Justiz op den Appell vun der Buergermeeschtesch reagéiert. Et wier einfach ze soen, d’Justiz wier lues. Esou ënnerbesat wéi ee bei der Justiz wier, misst een awer Prioritéite setzen, bedauert d’Martine Solovieff.

Zu den Iwwerleeunge ronderëm eng méiglech Biergermiliz seet déi Stater Buergermeeschtesch am 100,7-Interview just, et wier ee scho méi laang a stännegem Austausch mat de Bierger vun der Gare.

Lauschterenplay_arrow