Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luxair huet véier nei Fligere bestallt

Mat Optioun op fënnef weider Maschinnen

Luxair huet véier nei Fligere bestallt

D‘Luxair huet véier nei Fligere bestallt, an zwar vum Typ Embraer E195-E2.

auto_stories

2 min

D'Luxair huet véier nei Fligere bestallt. Et handelt sech ëm Maschinne vum brasilianeschen Hiersteller Embraer. Deen éischte Flieger soll am véierte Quartal 2025 geliwwert ginn. Och gëtt et eng Optioun op fënnef weider Maschinnen. Dat deelt déi national Fluchgesellschaft mat.  

Déi nei Modeller vun Embraer géife manner Kaméidi maachen a géifen och manner verbrauchen, heescht et am Communiqué. 

Aktuell huet d'Luxair schonn zwee Fligere vum Typ Embraer ERJ-190 vun German Airways geleast. An der Vergaangenheet hat déi national Fluchgesellschaft och Fliger vum méi klenge Modell ERJ-145 an hirer Flott.