arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LuxTrust-Bedruchsaffär: Lëtzebuerger a Spuenie festgeholl

Parquet deelt mat

|
reading time

1 min

LuxTrust-Bedruchsaffär: Lëtzebuerger a Spuenie festgeholl

Eng Persoun mat Lëtzebuerger Pass gouf Enn Februar a Spuenie festgeholl. Déi Persoun steet am Verdacht ee vun den Haaptorganisateure vun de Phishing-, a Bedruchsattacken ze sinn, bei deene vun de Sitte MyGuichet a LuxTrust gefälschte Messagë mat probéiertem Dateklau un d‘Affer geschéckt goufen.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dat huet de Parquet de Moie matgedeelt.

D‘LuxTrust-Bedruchsaffär huet iwwer 10 Milliounen Euro Schued gemaach. An de Joren 2024 an 2025 ware 700 Plaintë gemaach ginn.

En Donneschdeg gouf déi Persoun, Joergang 2004, un déi Lëtzebuerger Autoritéiten iwwergi ginn a setzt elo an Untersuchungshaft. Et steet och e Verdacht vu Geldwäsch am Raum.