Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: E modernt Lëtzebuerg

Regierungsdeklaratioun

Luc Frieden: E modernt Lëtzebuerg

De Premier Luc Frieden huet an der Chamber seng Deklaratioun iwwer den neie Regierungsprogramm gemaach. A senger Ried vun enger knapper Stonn huet hie versprach, d’Land “a Fridden, Fräiheet a Wuelstand an d’Zukunft ze féieren”.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Zil vun der neier Regierung wier e bessert Zesummeliewen an engem moderne Lëtzebuerg, heescht et vum Regierungschef. Dofir huet hien déi eenzel Punkte vum frësch ausgeschaffte Regierungsprogramm virgestallt.

De Problem vum Logement

D’Regierung wéilt versichen eng “gréisstméiglech Zuel” vu Leit mat enger dezenter Wunneng ze versuergen. Dowéinst soll déi schonn ugekënnegt Offensiv fir abordabele Wunnraum gemaach ginn. Et wéilt ee mat de geplangte Steiermesuren am Logement erëm Beweegung um Marché erreechen.

“Datt d’Leit Incentive kréien an de Wunnengsbau ze investéieren, datt nei Wunnengen entstinn an esou eng sozial Kris ka verhënnert ginn.”

Fir dat ze erreeche wéilt d’Regierung ënnert dem Luc Frieden versichen d’Problematik vun der Aarmut ze reduzéieren. Virun allem d’Mëttelschicht soll finanziell entlaascht ginn, annoncéiert de Premier. D’Upassung vum Steierbarême géif de Leit méi Kafkraaft ginn an domat och dem Handel, dem Handwierk an de Restauranten am Land hëllefen.

A punkto Klima an Ëmwelt

Am Beräich vun Ëmwelt- a Klimaschutz soll et zu engem Perspektivewiessel kommen.

“Mir wëllen d’Leit an d’Betriber ënnerstëtzen amplaz alles komplizéiert virzeschreiwen. Eng Ëmwelt- a Klimapolitik, déi d’Leit begeeschtert amplaz nervt.”

Et wéilt ee mat komplizéierte Prozedure briechen, déi Fortschrëtter an anere Beräicher géife verhënneren.

Entlaaschtung an der Asylpolitik

De Luc Frieden huet och Verännerung an der Asylpolitik ugekënnegt. D’Strukture fir Asyldemandeure wiere bal voll, dës sollen entlaascht ginn.

“Fir Tensiounen duerch ze vill Leit op enger Plaz ze evitéieren, wäert d’Regierung d’Demandeurs de Protection internationale gerecht a solidaresch iwwer d’ganz Land verdeelen.”

Asyldemandeure sollen ënner Konditiounen och schonn no véier Méint kënne schaffe goen.

De Premier huet och eng breet Consultatioun iwwer d’Viabilitéit vum Pensiounssystem annoncéiert. Dat soll iwwer déi nächst Jore geschéien.

Säin Untrëttsbesuch bei der EU zu Bréissel wëll de Luc Frieden an der kommender Woch maachen, an dee bei der NATO Ufank Dezember, heescht et vum Premier.

Lauschterenplay_arrow