Déi 11-Stonne laang Diskussioune mat de Sozialpartner wier een Erfolleg gewiescht, well d'Sozialpartner nees matenee schwätze géingen, esou de Luc Frieden zu Hesper. Mat Bléck op d'Suite vun de Verhandlungen huet de Luc Frieden awer och betount: Et dierft een net all seng Iddien opginn, just fir nees Fridden ze hunn. Fir d'CSV wier et elo wichteg, gëeent ze bleiwen an den Optrag, dee si vun hire Wieler a Wielerinne krut, zesumme mam Koalitiounspartner ëmzesetzen.
"Et ass wichteg fir eis Partei, et ass wichteg fir déi Linn, déi mir decidéiert hunn, ze fueren, déi mir vun Iech als Optrag kritt hu bei de Walen, déi mir gemeinsam definéiert hunn am Walprogramm, datt mir déi och zesumme mam Koalitiounspartner ëmsetzen."
Um CSV-Summerfest zu Hesper huet de Premier dann awer och nach e klenge Kommentar a Richtung Gewerkschaften ofginn.
"Ech hu versicht si esou laang am Sall ze halen, datt si géinge Jo soen zu alles. Dat ass mir net ganz gelongen, mee si si mir op d'mannst do bliwwen. An dat mengen ech ass schonn e groussen Erfolleg, mee si hu ganz schlecht ausgesinn. Dat heescht, déi sinn och net gewinnt, Iwwerstonnen ze maachen."
No der Reunioun mat de Sozialpartner hat d'Regierung jo annoncéiert, datt d'Gewerkschaften d'Exklusivrecht behale fir d'Kollektivverträg ze verhandelen. Iwwer déi aner Sujeten, dorënner d'Aarbechtszäit an d'Pensiounsreform, soll e Méindeg, an duerno och am Comité permanent du travail et de l'emploi (CPTE), weider diskutéiert ginn.