Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  Philosophie a Medien

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: Theema Heescheverbuet gëtt vun de Medien “largement exageréiert”

Aner Sujeten géingen ze kuerz kommen

Luc Frieden: Theema Heescheverbuet gëtt vun de Medien “largement exageréiert”

“Zum Theema Heescheverbuet ass alles gesot an dofir musse mir elo zu anere Sujeten iwwergoen”, dat fuerdert de Premier Luc Frieden.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel play_arrow
Luc Frieden (Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Hien hätt déi zoustänneg Ministere gefrot, d’Saachen ze klären, an d’Clarificatiounen, déi sech géifen imposéieren, am Kader vun enger Reform vum Code Pénal ze maachen, hat de Regierungschef d’lescht Woch am Quotidien erkläert.

Wat genee soll dobäi gemaach ginn? Dozou de Luc Frieden:

"An deem Dossier gëtt et näischt Neies. Et gëtt zanter Jore gesot, dat wier net ganz kloer. An dofir schéngt et mir evident, datt – sollt dat net kloer sinn – fir déi eng ass et kloer, fir déi aner net, da muss een dat am Kader vun enger Reform klären."

Dem Luc Frieden seng Aussoplay_arrow

D’Fro, ob dat bedeit, datt domat eng legal Basis fir d'Heescheverbuet soll geschafe ginn, wollt de Luc Frieden net beäntwerten.

Oppositioun fuerdert Stellungnam vum Premier

De Sujet Heescheverbuet wier ee Sujet, deen an de Medien “largement exageréiert” géif ginn, par Rapport zu den Theemen, déi een am Land huet, esou haut de Premier. Hie wënscht sech, datt d’Medien och iwwer aner Sujete wéi Wunnengsbau oder Kafkraaft esou vill géife berichten, wéi iwwert de Sujet Heescheverbuet.

Déi ganz Oppositioun – mat Ausnam vun der ADR – hat d’lescht Woch gefuerdert, datt de Luc Frieden sech am Dossier Heescheverbuet zu Wuert mellt.