De Regierungschef hat awer och direkt e puer méi konkret Sujeten an Decisioune matzedeelen: A Saache Logement sollen elo Neel mat Käpp gemaach ginn.
"Fir déi Moossname mat de Secteuren ze beschwätzen, hunn ech déi zoustänneg Ministere gebieden, an deenen nächsten Deeg a Woche bilateral Gespréicher mat deenen eenzelen Acteuren ze féieren, fir déi Moossnamen déi mer am Koalitiounsaccord hunn, mol ze erklären."
No de bilaterale Gespréicher tëscht de Ministèren an de Leit aus dem Bausecteur soll dann a grousser Ronn diskutéiert ginn, éier déi steierlech a prozedural Mesuren decidéiert ginn. Déi sollen, wat de fiskalesche Volet ugeet retroaktiv op den éischte Januar gëllen.
Heescheverbuet wier en règle
En Thema war gëschter awer och d‘Heescheverbuet an der Stat Lëtzebuerg. Et wier een hei en règle, sou de Luc Frieden deen des Mesure als éischte Schrëtt bezeechent huet fir de Rechtsstaat duerch ze setzen:
"Dat wäert mat grousser Sensibilitéit gemaach ginn an eist Ziel vun der Regierung ass virun allem ze ënnerbannen, datt Leit aus dem Ausland heihinner bruecht ginn, fir hei als Mendiant opzetrieden an da rëm owes mat der Camionnette fort ze fueren."
Klimaprimme gi fir sechs Méint lafe gelooss
Déi sougenannte Klimaprimmen ginn an der aktueller erhéichter Form ëm sechs Méint weider lafe gelooss, och dat huet de Premier Luc Frieden gëschter ugekënnegt. Betraff si Photovoltaikanlagen a Wärmepompelen, ma och d’Primme fir elektresch Autoen, Vëloen a Bornen. Eng Decisioun déi an Tëschenzäit scho vum Mouvemnet écologique begréisst gouf.
Wat genee no deene sechs Méint geschitt ass awer nach net kloer.
"An déi sechs Méint gebrauche mir, fir ze kucken, all déi Moossnamen op de Leescht ze huelen an ze kucken notamment wéi mer se kënne méi u sozial Critère bannen."
Nach wäit ewech vum Ausstig aus fossillen Energien
Wat den Accord vun der Klimakonferenz ugeet sou wier dat e positiivt Resultat well sech sou vill Staate konnten eenegen. De Luc Frieden huet dobäi Versteesdemech dofir gewisen dat de fossillen Ausstig net ze séier kënnt.
"Ech fannen och gutt dat d‘fossil Energien net méi als Zukunfts-Energie consideréiert ginn, wëssent, datt dat och Etappe verlaangt besonnesch och fir déi Länner déi dervunner ofhängeg sinn. Dat ass also net eppes wat ee vun haut op muer ka maachen. Déi déi produzéiere sinn dervunner ofhängeg, mir sinn och nach eng Zäitchen dervunner ofhängeg, sou datt een och do muss realistesch sinn."
Keng Mesuren imposéieren
Ugeschwat op de nationale Klimaplang PNEC dee laut STATEC Projektioun virgesäit, datt vun 2026 u keng fossil Heizunge méi dierfte verbaut ginn, wa mer eis Klimaziler sollten erreechen, huet de Luc Frieden gemengt sou wäit wiere mer nach net.
"Des Regierung huet dat doten net festgehalen. Des Regierung ass keng déi an dem Beräich vun der Natur, dem Klima oder der Biodiversitéit Saachen imposéiert, mir wëllen d‘Leit mathuelen an dofir si mir éischter op de Wee gaange vun Incentiven an dobäi wäert et bleiwen."
Europapolitesch war et dann nach d‘Ausso datt Lëtzebuerg sech haut zu Bréissel fir Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawien géif ausspriechen. D‘Demokratien an der EU missten deemno onbedéngt gestäerkt ginn.