Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - My Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Luc Frieden: Déi éischt Hallschent vun der Legislaturperiod ass déi wichtegst

CSV-Summerfest

Luc Frieden: Déi éischt Hallschent vun der Legislaturperiod ass déi wichtegst

Déi nei Regierung hätt och scho Saache gemaach, wéi zum Beispill d’Kafkraaft gestäerkt, andeems d’Steierlaascht reduzéiert gi wier. Sou huet et um Mëttwochowend um Summerfest vun der CSV geheescht. A 5 Joer misst ee Resultater opweises hunn. An deem Sënn wier déi éischt Hallschent vun der Legislaturperiod déi wichtegst, sou de Premier.

auto_stories

1 min

Foto: Eric Ewald

D’Erwaardunge wieren héich an et dierft een d’Leit net enttäuschen. Dat sot de Marc Spautz. De Fraktiounschef an der Chamber ass awer och iwwerrascht ze héieren, wat déi nei Regierung nach net gemaach hätt: Datt den Aarmutsrisiko an d’Zuel vun de “working poor” erop-, d’Zuel vu Better a Spideeler dogéint erofgaange wier, wier awer net d’Schold vun der CSV-DP-Regierung.

De Luc Frieden huet iwwerdeems mat Freed op d’Joer zënter dem leschte Summerfest zeréckgekuckt. Dat war virun de Walen, wou een nach net gewosst hätt, wéi et géif ausgoen.

Zënterhier wier ee stäerkst Partei an de Chamberwale ginn an hätt dat Resultat bei den Europawale bestätegt kritt.

Déi nei Regierung hätt och scho Saache gemaach, wéi zum Beispill d’Kafkraaft gestäerkt, andeems d’Steierlaascht reduzéiert gi wier. A 5 Joer misst ee Resultater opweises hunn. An deem Sënn wier déi éischt Hallschent vun der Legislaturperiod déi wichtegst, sou de Premier.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft