Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: D'Regierung wäert am Februar Mesurë géint d'Logementskris virleeën

Annonce um FEDIL-Neijoerschpatt

Luc Frieden: D'Regierung wäert am Februar Mesurë géint d'Logementskris virleeën

D‘Regierung wëllt nach virun der Fuesvakanz konkret Mesuren op den Dësch leeën, fir der Logementskris entgéintzewierken an dem Bausecteur ze hëllefen. Dat huet de Premier Luc Frieden den Dënschdeg den Owend um Neijoerschpatt vun der FEDIL annoncéiert.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

D‘CSV-DP-Koalitioun wéilt esou séier wéi méiglech handelen, fir ze verhënneren, datt d‘Situatioun sech nach weider verschlëmmert, esou de Luc Frieden.

Zwou Moossname sollen deemno esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn: Engersäits steierlech Ureizer, fir Leit déi wëllen an Immobilien investéieren a Locatiounswunnengen op de Marché bréngen; an anerersäits Hëllefe fir Persoune mat manner héijem Revenu, déi eng Wunneng wëlle lounen oder kafen, huet de Premier ugekënnegt. Den Detail dovu sollen de Finanz- an de Logementsminister an den nächsten zwou Woche presentéieren, esou d‘Annonce um Neijoerschpatt vun der Fedil.

"Et je peux vous dire, c‘est donc dans la direction des aides, des subventions, mais c‘est aussi l‘amortissement accéléré, la déductibilité des intérêts débiteurs, certains crédits d‘impôt … cela va donner un coup de pouce au secteur de la construction, parce que nous préférons de financer une activité économique, que de financer du chômage ou du chômage partiel."

Fedil-Presidentin stellt verschidde staatlech Hëllefen a Fro

Wann déi Moossname gréng Luucht vun der Chamber kréichen, da wier virgesinn, datt se retroaktiv op den 1. Januar dëst Joer a Kraaft trieden, esou de Luc Frieden. D‘Fedil-Presidentin Michèle Detaille hat an hirer Begréissung um Neijoerschpatt den CSV-DP-Koalitiounsaccord gréisstendeels gelueft. E géif déi richteg Dieren opmaachen, fir d‘Wirtschaft nees unzekuerbelen. Déi ugespaante global geopolitesch Lag, grad wéi déi energeetesch Transitioun a vill nei Reglementatioune géifen d‘Betriber ëmmer méi Zäit a Geld kaschten an d‘Produktioun bremsen. An dësem Kontext wier et ëmmer méi schwéier fir d‘Betriber, fir de Kafkraaftverloscht vun hire Salariéen ze kompenséieren. Déi lescht zwee Joer hätt de Staat do agegraff, d‘Fedil-Presidentin huet a Fro gestallt, ob dat och weiderhi méiglech ass.

De Luc Frieden ënnersträicht d'Wichtegkeet vun enger Pensiounsreform

All Ausgabe wieren net méi méiglech, huet de Premier zouginn. En Vue vun de globalen Entwécklunge kéint den haitege Wirtschaftsmodell, notamment och de Pensiounssystem, laangfristeg net méi finanzéiert ginn. D‘CSV-DP-Regierung wéilt dofir alles maachen, datt Lëtzebuerg eng staark Wirtschaft bleift, mat resilienten a kompetitive Betriber.

Lauschterenplay_arrow