search

/ Louvre: Geklaute Bijouen hunn e geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro

Frankräich

|
headphones

1 min

Louvre: Geklaute Bijouen hunn e geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro

De Paräisser Parquet deelt mat, datt déi 8 geklaute Bijoue vu fréiere Kinniginnen a Kaiserinnen e geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro hunn. Dat wier eng spektakulär Zomm, mee den historesche Verloscht wier nach vill méi héich.

headphones

1 min

De Louvre as nom Abroch ofgespaart. | © EPA/Mohammed Badra
De Louvre as nom Abroch ofgespaart. (Foto: EPA/Mohammed Badra)

D‘Déif hate leschte Sonndeg wärend dem Dag an de Louvre agebrach a sech a manner wéi 8 Minutte mat de Bijouen duerch d‘Bascht gemaach. Dem Parquet no géif no véier Leit gesicht ginn. Vun den Déif feelt weiderhin all Spuer. 

Experte fäerten, datt déi Responsabel d‘Bijoue séier zerleeën an aschmëlze wäerten, fir se kënnen ze verkafen.

Kritik un de Sécherheetsmesuren

Et gëtt Kritik un de Sécherheetsmesuren am Louvre. D‘Presidentin an Direktesch, Laurence des Cars, déi sech zënter dem Abroch nach net ëffentlech geäussert huet, soll haut um Mëttwoch Erklärungen am franséische Senat ginn.