arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréiere franséische President Nicolas Sarkozy trëtt Prisongsstrof un

Libyen Affär

|
headphones

2 min

Fréiere franséische President Nicolas Sarkozy trëtt Prisongsstrof un

De fréiere franséische President Nicolas Sarkozy huet seng Prisongsstrof vu fënnef Joer am Paräisser Prisong "La Santé"” ugetrueden. Hie gouf verurteelt wéinst dem illegale Finanzement vu senger Walcampagne 2007 duerch de fréiere libeschen Diktator Muammar Gaddafi.

headphones

2 min

Den Nicolas Sarkozy (lénks) a seng Fra Carla Bruni-Sarkozy (riets) wéi se am Geriicht zu Paräis ukommen | © EPA/Teresa Suarez
Den Nicolas Sarkozy (lénks) a seng Fra Carla Bruni-Sarkozy (riets) wéi se am Geriicht zu Paräis ukommen (Foto: EPA/Teresa Suarez)

De 70 Joer alen Nicolas Sarkozy ass deen éischte franséische Staatschef, deen an de Prisong kënnt. Enn September hat d’Strofgeriicht vu Paräis d’Urteel vu fënnef Joer Prisong geschwat.

Sarkozy betount seng Onschold 

De fréiere Staatschef hat ëmmer erëm betount, hie wier onschëlleg an huet vun engem “politesche Prozess” geschwat. Hien huet Appell géint seng Prisongsstrof ageluecht. Agespaart gëtt hien trotzdeem.

Eenzel-Haft

Am Prisong “La Santé” am Süde vu Paräis ass hien an enger Eenzelzell ënnerbruecht. Och wärend de Spadséiergäng, déi ee Prisonéier eemol den Dag fir eng Stonn ze gutt huet, wäert hie vun anere Prisonéier isoléiert sinn a vu Beamte permanent observéiert ginn.

"Mise en liberté"

D’Affekote vum fréiere franséische President Nicolas Sarkozy hu wéi ugekënnegt um Dënschdegmoie schonn eng Demande de mise en liberté agereecht. D’Justiz huet elo maximal zwee Méint Zäit dës Demande op Fräiloossung ze tranchéieren.

D’Urteel géint den Nicolas Sarkozy léisst esouwuel politesch wéi och juristesch ënnerschiddlech Reaktiounen aus.

De franséische President Emmanuel Macron hat säi Virgänger virun e puer Deeg nach am Elysée empfaangen. De Macron hat dat fir “normal” a “mënschlech” empfonnt. De sozialistesche Parteichef Olivier Faure dogéint, huet dat staark kritiséiert a vun “Drock op d’Justiz” geschwat.

Justizminister well Sarkozy am Prisong besichen 

Och d’Ukënnegung vum Justizminister Gérald Darmanin de Sarkozy an de Prisong besichen ze goen, stéisst op Kritik. Dat wier kee Respekt vis-à-vis vun den Institutiounen, esou den Olivier Faure. Och de Procureur general d’etat Rémy Heitz huet dee Besuch als eng Gefor fir d’Onofhängegkeet vun de Riichterinnen a Riichter bezeechent.