search

/ Louvre-Direktesch krut Demissioun refuséiert

Frankräich

|
headphones

1 min

Louvre-Direktesch krut Demissioun refuséiert

D‘Direktesch vum Louvre huet um Mëttwochmëtteg virum Senat ausgesot. Et war dat hiren éischten ëffentlechen Optrëtt zënter dem spektakulären Abroch am Musée leschte Sonndeg. D‘Laurence des Cars huet confirméiert, datt si hir Demissioun presentéiert hat, déi awer refuséiert gi wier.

headphones

1 min

D'Direktesch vum Louvre, d'Laurence des Cars. | © EPA/YOAN VALAT
D'Direktesch vum Louvre, d'Laurence des Cars. (Foto: EPA/YOAN VALAT)

Si huet dann nach verséchert, datt all d‘Alarme funktionéiert hätten. Si sot och, datt si den Inneminister froe wéilt fir ze kucken, ob ee Policekommissariat am Louvre kéint installéiert ginn.

Den Abroch selwer huet si als "immens Blessur" bezeechent. D‘Déif haten am hellechten Dag am Louvre 8 Bijoue vu fréiere Kinniginnen a Keeserinnen am geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut. Dem Parquet no géif no véier Leit gesicht ginn. Vun den Déif feelt weiderhin all Spuer.

Experte fäerten, datt déi Responsabel d‘Bijoue séier zerleeën an aschmëlze wäerten, fir se kënnen ze verkafen.