Déi konservativ Les Républicains konnte gëschter um Samschdeg zwee Amendementer um Budget duerchbréngen.
Breede Support fir d'Indexéierung
Éischtens sollen Iwwerstonnen net méi besteiert ginn an zweetens soll de Steierbarème un d’Inflatioun ugepasst an indexéiert ginn.
Besonnesch d’Indexéierung krut e breede Support an der Assemblée vum rietsextremen RN iwwer vereenzelt Stëmmen aus der Regierungspartei bis bei d’Lénkspartei LFI.
Dës Mesurë géing awer bedeiten, datt dem Staat 2 Milliarden Euro aus dem Budgetsplang verluer ginn. D’Ministerin vun de Comptes Publics, d’Amélie de Montchalin, sot wann et esou géing weidergoen, wäert ee Probleemer hunn de Staatsdefizit ze reduzéieren.
Och hat si gëschter insgesamt de schaarfen Toun vun den Oppositiounsparteie kritiséiert: Leit besteiere wier net ofzéien, esou d’Ministerin.
Hëtzeg Diskussioune ronderëm d'Pensiounsreform
Dës Woch da wäert et wuel zum Debat iwwer d’Verméigenssteier an déi sougenannt Taxe Zucman op Verméigen iwwer 100 Millioune kommen. D’Sozialiste wëllen un dëser festhalen, hunn awer och schonn eng alternativ Tax vun 3 Prozent op Verméigen iwwer 10 Millioune preparéiert fir méi Spillraum ze hunn, well een sech hëtzeg Diskussiounen hei erwaart.
Hëtzeg bleift et och ronderëm d’Pensiounsreform. De President vum Senat, de Gérard Larcher, sot gëschter géigeniwwer dem Parisien, de Senat géing d’Pensiounsreform nees retabléieren, wann d’Assemblée dës suspendéiert.
De Sozialistechef Olivier Faure huet him op X geäntwert, datt d’Assemblée hei dat lescht Wuert huet.