Dee gréisste Benefice vu PV-Anlagen ass nämlech d’Autoconsommatioun, wann een also seng eege Productioun selwer benotzt.
Entreprisen déi Photovoltaikanlagen installéieren, hunn natierlech Interêt dru souvill wéi méiglech Panneauen opzeriichten. Dat ass awer net ëmmer néideg a jee no Orientéierung vum Daach ass dat och net ëmmer effizient.
Et soll een de reelle Stroumverbrauch ausrechnen
Dohier soll ee fir d’éischt um Geoportail kucke wéi eng Plazen um Daach am meeschte vun der Sonn beliicht ginn. Dat ass am Allgemengen d’Südsäit, oder och Westen an Osten.
Wéi vill Panneauen a wéi eng theoretesch Energieproduktioun maximal, ënnert anerem och am Wanter néideg sinn, kann een dann aschätzen. Da soll een de Stroumverbrauch deen ee reell braucht ausrechnen, betount de Claude Simon vu Stroumprovider.
“Ech muss kucken zu wéi vill si mir doheem, wéi vill Stroum brauche mir doheem, wat plange mir an Zukunft? Wëlle mir villäicht eng Wärmepompel bauen, kafe mir eis en Elektroauto an op Basis vun deenen Informatiounen, an op Basis natierlech vun der Surface, déi ech um Daach hunn, muss een dann dee gudde Mëttelwäert fannen.”
Well d’Photovoltaikanlag nëmme mat Sonn produzéiert, kann ee sech och eng Batterie uschafen, déi et erlaabt, den Iwwerschoss u Stroum ze späichere fir d’Energie dann Owes ze notzen. An net ze vergiesse wann een en Elektroauto huet ass dat och eng Méiglechkeet ze lueden. Et kann een awer och säi Konsum an der Zäit aneschters verdeelen, erkläert de Claude Simon.
Huet een trotz Batterie a Konsum een Iwwerschoss u Stroum, da gëtt deen un de Stroum-Provider verkaf.
Et ginn do zwou Optiounen entweder huet een ee fixen Tarif, mee eng staatlech Subventioun vun der Installatioun déi bei 20 Prozent läit oder et huet een ee variabelen Tarif, wou et eng ganz héich finanziell Ënnerstëtzung gëtt. De Staat rembourséiert 50 Prozent dovunner an d’Gemenge ginn och eppes bäi.
Stroumpräisser ofhängeg vum Marché
Wichteg ass et sougenannten intelligent Installatiounen ze hunn, dat heescht datt d’Panneauen, d’Bornen an d’Batterien an de Reseau matenaner vernetzt sinn a vu bausse steierbar sinn. Da kann ee wielen op d’Batterie soll geluede ginn oder ob een d’Energie verkeeft oder se consomméiert.
D’Präisser, déi ee fir seng Stroumproduktioun bezuelt kritt, schwanken nämlech extrem wärend dem Dag well se vum Stroummarché ofhänken, präziséiert de Claude Simon.
Et kann een och iwwert d’Stroumbourse EPEX fir d’Zonen Däitschland-Lëtzebuerg de Präis dee fir deen aneren Dag verhandelt gouf, kucke goe fir d’Apparater méi optimal anzeschalten.
Et wier een och am gaangen un engem sougenannten Hems ze schaffen, engem Home energy Management System deen de Stroum-Konsum dann a Funktioun vum Stroumreseau kann optimiséieren, präziséiert de Claude Simon.