Radioen

On air

Notturno  |  Sheebaba - Chambre Rouge (Noah Vert Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ London ass am Banksy-Féiwer

9 Konschtwierker an 9 Deeg

London ass am Banksy-Féiwer

De Banksy huet lescht Woch London an Otem gehal: Den anonymme Kënschtler huet wärend 9 Deeg 9 nei Konschtwierker an de Stroosse vun der Staat hannerlooss. Ëm wat goung et an deem Projet, a wat geschitt lo mat de Wierker?

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Claire Barthelemy

Claire Barthelemy (London)

Ee Steebock steet op enger Facade vun engem Haus am Südweste vu London, kleng Steng fale virun him erof. Dëst war den éischte Graffiti vum Banksy sengem rezente Projet, an et sinn der nach 8 dobäi komm: Zu Chelsea kucken zwee Elefanten aus enger Fënster, zu Peckham hault ee Wollef eng Satellitteschossel un an zu Walthamstow setzen 2 Pelikanen iwwert engem Fish and Chips Restaurant a klaue Fësch. De Schluss vum Projet mécht ee Gorilla, deen an der Entrée vum Londoner Zoo eng Rolllued ropzitt, fir d’Déiere fräi ze loossen.

Spekulatiounen iwwert de Projet

D’Biller sinn am typesche Banksy Stil mat Schabloune gemaach ginn, an all weise se wëll Déieren.

Ass de Projet ee Kommentar iwwert de Klimawandel, den Déiereschutz oder stécht vläicht eppes mei Politesches dohanner? De Banksy huet bis elo nach keng Erklärunge ginn.

Fir d'Konschtwierker ze gesi muss een op Zack sinn, well se verschwannen dacks séier. D’Satellitteschossel mam Wollef zum Beispill war vun zwee maskéierte Männer matgeholl ginn, an dat schonn e puer Stonnen nodeems de Banksy d’Konschtwierk op Instagram revendiquéiert hat.

De Banksy-Mythos

D’Ekipp vum Londoner Zoo sot, datt dem Banksy säi Gedéiesch bei hinnen a gudden Hänn wier, schliisslech wéisste si, wéi ee sech ëm Déiere këmmert. Bis e Freide konnt een de Gorilla kucke goen, dunn huet den Zoo et wech geholl. Et géing lo gekuckt ginn, wei d’Konschtwierk am beschte preservéiert ka ginn.

Wien hannert dem Banksy stécht ass net ëffentlech bekannt, och wann ëmmer rëm e puer Nimm an de Medie genannt ginn. Et gëtt awer ugeholl, datt de Banksy vu Bristol ass, enger Stad am Südweste vun England, wou seng éischt Konschtwierker an den 90er Joren opgetaucht sinn.

Lauschterenplay_arrow