arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taylor Swift huet nees d'Rechter iwwer all hir Alben zeréck

Jorelaange Sträit geet op en Enn

|
headphones

1 min

Taylor Swift huet nees d'Rechter iwwer all hir Alben zeréck

D‘Taylor Swift huet sech d‘Rechter vun den Masteropname vun hiren éischte sechs Alben zeréckkaaft. Wéi si iwwer sozial Medie matgedeelt huet, géif elo "déi ganz Musek, déi si jee gemaach huet, hir gehéieren“. 

headphones

1 min

D'Taylor Swift op der Eras-Tour 2024 | © picture alliance / Jens Niering | Jens Niering
D'Taylor Swift op der Eras-Tour 2024 (Foto: picture alliance / Jens Niering | Jens Niering)

D'Sängerin hat d‘Rechter un den Opname vun hiren éischte sechs Albe verluer, wéi hiren éischte Plattelabel "Big Machine" d‘Rechter un de Manager Scooter Braun verkaaft huet, dat fir iwwer 300 Milliounen Dollar. D‘Taylor Swift hat doropshin dës Alben all nach eemol selwer opgeholl, mam Ënnertitel "Taylor's Version".

Iwwer ee Präis wollt d'Taylor Swift keng Aussoe maachen.