15 Länner misste sech en Dënschdeg scho behaapten, a 16 - dorënner och Lëtzebuerg - mussen haut den Owend géinteneen untrieden. Jeeweils 10 kënne sech da fir déi grouss Finall qualifizéieren.
Net an enger Halleffinall ziddere mussen: Däitschland, Frankräich, Spuenien, Groussbritannien an Italien. Déi sougenannten “Big 5” bezuelen déi gréisste Bäiträg un d’European Broadcast Union – an doduerch si si schonn d’office an der Finall. Och automatesch fir d’Finall qualifizéiert ass d’Gewënner-Land vun zejoert. An dësem Fall also d’Schwäiz.
Vun den am ganze 37 Kandidate sinn et der e Samschdeg an der grousser Finall also nëmmen nach 26. An den Halleffinalle stëmmt, anescht wéi an der Finall, keng Jury of, mee nëmmen de Public. Den Televoting geet op, soubal dat lescht Lidd eriwwer ass. Bis zu 20 Mol kann ee seng Stëmm ofginn, mee et ass net méiglech, fir dat eegent Land ofzestëmmen.
Haut den Owend wäert Lëtzebuerg als 13. Land optrieden, direkt no Tschechien. Zu de weidere Konkurente vu Lëtzebuerg gehéieren den Owend nach ënner anerem de Favorit Éisträich, Israel, Malta, an Australien.
Wettbüroen: Lëtzebuerg zu 72 Prozent an der Finall
Den offizielle Wettbüroe no leien d'Chancen, datt Lëtzebuerg an d'Finall kënnt, bei 72 Prozent (Stand 15.05.2025, 10:24 Auer). Dës Prognose sinn natierlech mat Virsiicht ze genéissen. Vill Länner leien no beieneen. An: Dës Prognosen ännere konstant.
D'Lëtzebuerger Delegatiounscheffe weise sech op alle Fall optimistesch. A fir d’Laura Thorn geet et den Owend haaptsächlech drëms, dat bescht ze ginn.
"Dat heescht, ob ech elo an d’Finall kommen oder net, wann ech mir selwer soe kann‚ du hues alles ginn, du häss net kënne besser maachen an en plus du haas Spass, da kann ech ganz gutt domat liewen."
Mam Lidd "La Poupée Monte le son", geschriwwe vu Paräisser Produzenten, wëll d’Laura Thorn eng modern Versioun vum Lidd “poupée de cire poupée de son” vun der France Gall zeréck op d’Bün bréngen. Mat deem Song hat déi franséisch Sängerin 1965 den Eurosvision Song Contest für Luxemburg gewonnen.