Radioen

On air

Notturno  |  Use Knife - Ptolemaic

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lokal Medien: Iwwer 100 Doudeger bei Studente-Protester am Bangladesch

Regierung huet d'Arméi ageschalt

Lokal Medien: Iwwer 100 Doudeger bei Studente-Protester am Bangladesch

Am Bangladesch ginn et hefteg Ausernanersetzungen tëschent Studenten an der Police. Eleng gëschter solle 56 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. No Konfrontatioun tëschent Demonstranten an der Police setzt d’Regierung elo landeswäit d’Arméi an. Dat deelt d’Arméi an engem Schreiwes mat.

auto_stories

1 min

Bangladesch Studenteprotester | © picture alliance / NurPhoto | STR
Foto: picture alliance / NurPhoto | STR

Zënter dem Ufank vun de Protester en Dënschde wiere méi ewéi 100 Mënsche gestuerwen, melle lokal Medien. Offiziell bestätegt sinn déi Zuelen net.

D’US-Ambassad am Bangladesch schwätzt vun Honnerte bis zu Dausende Blesséierten. Wéi d‘AFP schreift, wieren iwwer 300 Poliziste bei de Protester blesséiert ginn.