D‘Joer 2023 annoncéiert sech awer elo schonn als eent, mat ville Faillitten. An den éischten néng Méint hu 710 Betriber Faillite deklaréiert: 9 Prozent méi, wéi an där Zäit zejoert. Doduerch wieren eng geschaten 1.943 Aarbechtsplaze verluer gaangen.
Wat eng Hausse vu 50 Prozent wier, an deen héchsten Niveau zanter 2016, sou de STATEC.
Op déi eenzel Beräicher gekuckt, stécht de Bau-Secteur ervir: Do gouf et tëscht Januar a September 117 Faillitten: eng Hausse vun 58 Prozent par Rapport zu selwechter Period zejoert.
Geschat gëtt, datt dowéinst am Bau-Secteur schonn iwwer 700 Aarbechts-Plaze wéinst Faillitte verluer goungen: ronn een Drëttel vun allen Aarbechtsplaz-Verloschter duerch Faillitte bis elo, sou nach de STATEC.