Radioen

On air

Concert  |  Een Owend an der Elbphilharmonie mat franséischem Impressionismus

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Libanonkonferenz: Macron versprécht 100 Milliounen Euro fir humanitär Hëllef

Zu Paräis

Libanonkonferenz: Macron versprécht 100 Milliounen Euro fir humanitär Hëllef

Zu Paräis ass haut eng international Hëllefskonferenz fir de Libanon, dee wéinst dem Krich tëscht der Schiittemiliz Hisbollah an Israel, bombardéiert gëtt. De franséische President Emmanuel Macron huet dem Libanon do 100 Milliounen Euro direkt Hëllef fir humanitär Zwecker versprach.

auto_stories

1 min

Den Emmanuel Macron sot, de Krich misst sou séier wéi méiglech gestoppt ginn, Libanon bräicht onbedéngt e Waffestëllstand. D‘UNO sot, datt de Libanon 400 Milliounen Euro Direkthëllef bräicht. 

Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel ass op der Libanon-Konferenz zu Paräis dobäi. 

Gläichzäiteg ass den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken zu Doha, fir mat de Responsabele vum Qatar eng Wafferou fir d‘Gazasträif auszehandelen. De Qatar ass ee Mediateur am Krich tëscht Israel an der Hamas. Den Antony Blinken sot, dass d‘Verhandlungspartner sech an den nächsten Deeg géifen treffe fir iwwert eng Wafferou ze diskutéieren. D‘USA hätte verschidden Optioune fir de Krich an der Gazasträif op en Enn ze bréngen. Hien huet och eng Hëllef vun 135 Milliounen Dollar fir dat palestinensescht Vollek an Aussiicht gestallt