Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antony Blinken rifft Israel op sech géintiwwer dem Iran zeréckzehalen

Noen Osten

Antony Blinken rifft Israel op sech géintiwwer dem Iran zeréckzehalen

Am Noen Osten huet d‘Hisbollah fir den zweeten Dag hannertenee Rakéiten op déi israeelesch Stad Tel Aviv geschoss. Déi israeelesch Arméi sot, et wieren haut zwou där Rakéite geschoss ginn a si wieren alle béid vum Ofwiersystem interceptéiert ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Lenin Nolly
Foto: picture alliance / NurPhoto | Lenin Nolly

Iwwerdeems huet Israel confirméiert, datt de potentielle Successeur vum fréieren Hisbollah Chef Nasrallah och dout ass. De Safi al-Din wier virun dräi Woche bei enger Attack zu Beirut ëm d‘Liewe komm, sou déi israeelesch Arméi. Hie gouf als Successeur vum Hisbollah Chef Hassan Nasrallah gehandelt, deen Enn September vun Israel ëmbruecht gi war. 

Den US-Ausseminister Antony Blinken huet op Visitt zu Tel Aviv Israel opgeruff, sech vis à vis vum Iran zeréckzehalen a kéng gréisser Attack op den Iran ze lancéieren. Nodeems den Iran den 1. Oktober 200 Rakéiten op Israel geschoss hat, gëtt eng Géigenattack vun Israel erwaart. 

Eng weider Eskalatioun vum Krich misst awer evitéiert ginn, esou den Antony Blinken viru sengem Depart aus Israel a Saudi-Arabien. Dat ass déi nächst Statioun vu senger Tournée.