Dës Wale gëllen als wichtegen Indicateur, wéi et an Zukunft viru goe soll: Méiglech ass eng Unnäherung un d‘EU oder eng méi enk Zesummenaarbecht mat Russland. D‘Republik am Südkaukasus ass nämlech een EU-Bäitrëttskandidat. Wéinst enger Parti ëmstridde Gesetzer läit dëse Prozess momentan op Äis.
Bei de Parlamentswalen a Georgien haut iwwerhëlt d’LSAP-Deputéiert Liz Braz eng wichteg Roll als Deel vun enger internationaler Walobservatiounsmissioun. Am 100,7-Interview erkläert d’Liz Braz, datt dës Walen entscheedend si fir d’geostrategesch Zukunft vu Georgien.
D’Liz Braz ass Deel vun enger OSZE-Missioun, un där och Delegatioune vum Europarot, dem NATO-Parlament an dem Europaparlament bedeelegt sinn. Ronn 500 Beobachter:innen iwwerwaachen d’Walen a sämtleche Regiounen am Land.
Neutral observéieren, ouni anzegräifen
D’Liz Braz erkläert, datt hir Missioun ausschliisslech dora besteet, de Waloflaf neutral ze iwwerwaachen: „Mir dierfen absolut net agräifen, och wann et zu Ongereimtheete kënnt,“ esou d’Liz Braz. Nëmme bei ganz schwéiere Verstéiss géifen d'Observateuren d’OSZE informéieren, déi dës dann an hirem Bericht festhält.
Op d’Sécherheetslag ugesprach, huet d’Deputéiert vu verstäerkter Policepresenz, virun allem am Regierungsquartier, geschwat. D’Police an d’Spärungen huelen eng präventiv Roll an, obwuel et an de leschten Deeg virun de Walen zu vereenzelte Spannungen a Protester koum. Déi politesch Parteien a Georgien erwaarden dofir eng héich Walbedeelegung.
Kloert Zeeche fir de Wëllen zur Demokratiséierung
D’Liz Braz ass iwwerzeegt, datt d’Missioun wäertvoll Ablécker gëtt, déi am Ofschlossbericht Recommandatioune fir d’Land festhalen, fir zukünfteg Walprozesser ze verbesseren. D’Invitatioun vun den internationalen Observateuren duerch d’georgesch Regierung ass, esou d‘Liz Braz, e kloert Zeeche fir hire Wëllen zur Demokratiséierung.
Déi aktuell Regierungspartei a Georgien steet fir eng national-konservativ Richtung a fir eng ekonomesch Zesummenaarbecht mat Russland, wärend déi éischter prowestlech Oppositioun eng europäesch Richtung aschloe wëll.