Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Jam - That's Entertainment

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lex Delles: Wichteg datt viru Feierdeeg eng Solutioun fonnt gëtt

Streik bei Ampacet

Lex Delles: Wichteg datt viru Feierdeeg eng Solutioun fonnt gëtt

De Wirtschaftsminister Lex Delles konnt de Moien net soen, ob de Streik bei der Entreprise Ampacet zu Diddeleng zäitno wäert op een Enn goen. Hie wier der Iwwerzeegung, datt de Wirtschaftsministère an den Aarbechtsministère déi néideg Echangë gehat hätten, mat deene Responsabele vum Plastikgranulat-Produzent a mat der Gewerkschaft, déi streikt.

auto_stories

1 min

© MT
(Foto: MT)

Am Dossier Ampacet stéing ee kuerz virun engem Deblockage vun der Situatioun, hat den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) een Dënschdeg an der Chamber annoncéiert. Och den OGBL hat virgëschter gesot, datt warscheinlech eng Léisung a Siicht wier. Fir d’Regierung wier et ganz wichteg, datt de Sozialdialog funktionéiert, esou haut de Wirtschaftsminister Lex Delles

."An ech menge besonnesch an där heiter Zäit, fir elo véier Deeg viru Chrëschtdag nach an där doter Situatioun ze sinn, ass et ganz wichteg, datt hei eng Solutioun fonnt gëtt, fir och op där enger Säit datt d’Sécherheet vun der Societéit hei zu Lëtzebuerg, d’Sécherheet vun den Aarbechtsplaze kënnen ze garantéieren. An datt dat doten dann zu engem schlechten Ausgang vum Joer 2023 gehéiert, an datt 2024 mat der Ampacet, mat der Societéit mat de Salariéë besser weider geet."

Lauschterenplay_arrow

Bei Ampacet an der Industriezon Wolser zu Diddeleng gëtt schonn zënter dem 27. November gestreikt, well d’Direktioun de Kollektivvertrag gekënnegt hat. De Weekend haten d’Direktioun an den OGBL erëm ugefaange mateneen ze schwätzen.