search

/ Lëtzebuerger dasRADIAL um renomméierte Festival Eurosonic

Eurosonic 2026

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger dasRADIAL um renomméierte Festival Eurosonic

Dëse Freideg spillt de Lëtzebuerger Museker Max Thommes mat sengem Elektro Pop Projet dasRADIAL um Eurosonic Festival am hollännesche Groningen.

headphones

1 min

Den Eurosonic ass eng eemoleg Geleeënheet an der Carrière vun enger Artistin oder engem Artist fir sech virum europäesche Fachpublikum ze presentéieren. Acts wéi Franz Ferdinand, Jungle, Dua Lipa oder den James Blake hunn dem Festival an der hollännescher Stad Groningen op d’mannst en Deel vun hirem Succès ze verdanken.

Den Acteur Max Thommes huet als Teenager als Drummer bei Inborn gespillt. Aktuell gëllt säi Fokus elektronesche Museksinstrumenter. Säin elektronesche Pop zitt Inspiratioun vun Neue Deutsche Welle an aus den Absurditéite vum digitalen Zäitalter.

dasRADIAL gouf vum 100,7 selektionéiert, well de Projet op engem Punkt ukomm ass, wou e vun engem Optrëtt um Eurosonic ka profitéieren. Nodeems de Max Thommes rezent eng Bookerin fonnt huet, ass hie prett, fir d’europäesch Bünen ze stiermen.

En Donneschdeg trëtt de Lëtzebuerger Josh Island och schonn um Eurosonic op. Hien hat sech op den Opruff vum Festival gemellt a gouf vun de Programmateure selektionéiert.

E Freideg vun 13 bis 14 Auer kënnt d’Emissioun Kulturen live vum Eurosonic, mat Gespréicher mat de lëtzebuerger Artisten an de Mënschen, déi se encadréieren.