Radioen

On air

Moiesstudio  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Cylclist Alex Kirsch geet haut un den Depart

Olympesch Spiller

Lëtzebuerger Cylclist Alex Kirsch geet haut un den Depart

E weidere Lëtzebuerger Sportler ass haut bei den Olympesche Spiller zu Paräis am Asaz. De Lëtzebuerger Cyclist Alex Kirsch geet am spéide Moie bei der Stroossecourse un den Depart. Iwwerdeems probéiert d’Patrizia van der Weken, fir et an d’Finall vun den 100 Meter ze packen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Florian Wiegan play_arrow
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Florian Wiegan

Vun 11 Auer un ass den 32 Joer alen Alex Kirsch am Suedel. Hien ass fir d’éischt bei Olympesche Spiller dobäi. Zejoert war de Coureur vun der Ekipp Lidl-Trek Lëtzebuerger Champion op der Strooss an am Eenzelzäitfuere ginn. 

Dëst Joer gouf den Alex Kirsch de 5. beim Tour duerch d’Provence. Virzejoert an zejoert war hie beim Tour de France um Depart: 2022 huet hie bei der Grande Boucle opginn a gouf 2023 den 115. D’lescht Joer huet hie sech als 97. vum Giro d’Italia klasséiert. Dat war bis elo seng bescht Placéierung bei engem groussen Tour.

Van der Weken an den Halleffinallen am 100 Meter

Um zwou Minutte bis 8 den Owend dann trëtt d’Patrizia van der Weken an den Halleffinallen iwwert d’100 Meter un. Annerhallef Stonn méi spéit ass dann d’Finall, fir déi sech déi 8 séierst Frae vun der Welt qualifizéieren, an zwar déi zwou bescht aus den 3 Halleffinalle plus déi zwou bescht Zäiten dono.

Lauschterenplay_arrow