Radioen

On air

Notturno  |  Lata Gouveia - Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Barreau: Familljerecht, Jugendschutz a Jugendstrofrecht bleiwen e Knackpunkt

Justiz

Lëtzebuerger Barreau: Familljerecht, Jugendschutz a Jugendstrofrecht bleiwen e Knackpunkt

De Lëtzebuerger Barreau huet an zéng Beräicher dem Formateur Luc Frieden Proposen ënnerbreet fir de Fonctionnement vun der Justiz weider ze verbesseren.

auto_stories

2 min

Nieft enger Digitaliséierung vun der Justiz, der Verbesserung vum Accès zu de Gesetzer an der Jurisprudenz fir d’Affekoten a fir de Grand-Public, missten och spezialiséiert Juridictioune geschafe ginn, déi Litigen am Beräich Fiskalitéit, Investissiounsfongen oder nach Finanzrecht kéinten traitéieren

De Lëtzebuerger Barreau huet an zéng Beräicher dem Formateur Luc Frieden Proposen ënnerbreet fir de Fonctionnement vun der Justiz weider ze verbesseren. Nieft enger Digitaliséierung vun der Justiz, der Verbesserung vum Accès zu de Gesetzer an der Jurisprudenz fir d’Affekoten a fir de Grand-Public, missten och spezialiséiert Juridictioune geschafe ginn, déi Litigen am Beräich Fiskalitéit, Investissiounsfongen oder nach Finanzrecht kéinten traitéieren.

Prise en charge vu Mannerjäregen

Ee Knackpunkt bleift och den Dossier Familljerecht, d’Gesetzprojeten iwwert de Jugendschutz an dem Jugendstrofrecht missten onbedéngt duerch den Instanzewee goen, betount d’Maître Valérie Dupont, Bâtonnière sortante virun der Press:

“Mir mussen hei zu Lëtzebuerg e System kréien, wou éischtens d’Gewaltentrennung gerecht ass, mee wou mer e Kand effektiv, a Schwieregkeeten ass, op gutt Aart a Weis en Charge huelen, datt mer genau wëssen, wat huet e Geriicht ze maachen, datt genau wëssen, wat huet den Office national de l'enfance ze maachen, wéi schafft all Mënsch mateneen, well do si Saachen am Gesetz, déi nach net kloer sinn."

Lauschterenplay_arrow

Ee  weider Punkt, deen och dem Barreau um Häerz géif leie wier de Statut vun Affer vu Strofdoten déi vu Mannerjärerege begaange ginn. Do misst et drengend méiglech gemaach ginn, datt d'Affer trotzdeem Schuedenersatz kréien, betount  d' Valérie Dupont.

D’Funktioun vum Juge aux affaires familiales misst 5 Joer no senger Aféierung och nogebessert ginn.