Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Associatioune maachen op d'Situatioun an der Gazasträif opmierksam

Wéinst dem Krich am Noen Osten

Lëtzebuerger Associatioune maachen op d'Situatioun an der Gazasträif opmierksam

De Moien hunn aacht Lëtzebuerger Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft op eng Pressekonferenz invitéiert fir op en Neits op d‘Situatioun an der Gazasträif an am Westjordanland Opmierksam ze maachen. Dorënner Amnesty International, Action Solidarité Tiers Monde, CELL an de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D‘Organisatioune schätzen, datt zanter dem Ufank vum Gaza-Krich de 7. Oktober iwwer 25.000 Mënschen em d‘Liewe komm sinn. 70 Prozent vun den Affer wiere Fraen a Kanner. Déi zivilgesellschaftlech Organisatioune fuerderen en direkten an dauerhafte Waffestëllstand, esou d’Magali Paulus vum CELL.

"Mir brauchen eng immediat Levée och vum Siège vun der Gazasträif. Mir fuerderen eng Liberatioun vun de Geiselen. Mir fuerderen e Respekt vun der Aarbecht vun den humanitären Organisatiounen a mir fuerderen och eng international Enquête fir crime de guerre."

D'Magali Paulus hëlt awer och déi Lëtzebuerger Regierung an d'Flicht.

"Mir fuerdere vun der Lëtzebuergescher Regierung a vun der europäescher Unioun, datt si sech - baséierend op eis Demanden - expriméieren an all d'Efforte vun der internationaler Communautéit fir e Cessez-le-feu och soutenéieren, fir souwuel d‘Mënscherechter, wéi dat internationaalt humanitäert Recht ze garantéieren an ze respektéieren."

D'Aussoe vum Maglia Paulusplay_arrow