search

/ Lëtzebuerger Äppel wiere sécher: Landwirtschaftsministère reagéiert op Alerte vum MouvEco

National

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Äppel wiere sécher: Landwirtschaftsministère reagéiert op Alerte vum MouvEco

Lëtzebuerger Äppel wiere sécher fir ze iessen, deelt de Landwirtschaftsministère an engem Communiqué mat a warnt virun onnéideger Veronsécherung. Domat hëlt de Ministère Bezuch op eng Etüd vu PAN Europe an dem Mouvement écologique.

headphones

1 min

Äppel | © Bigstock
(Foto: Bigstock)

Et wéilt ee kloer stellen, datt ee sech un d‘Grenzwäerter zu Réckstänn vu Planzeschutzmëttel géif gehalen ginn.

Och d‘Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA géif confirméieren, datt Äppel aus Lëtzebuerg fir Kanner an Erwuessener sécher wieren. 

Lëtzebuerg schneit schlecht of

De Mouvement Ecologique hat gëschter um Donneschdeg Alarm geschloen a gefuerdert, datt d'Regierung sech op nationalem an op europäeschem Niveau méi däitlech géint den Asaz vu Pestiziden asetzt. 

An enger neier Analys vum Kollektiv PAN Europe, dee sech géint den Asaz vu Pestiziden asetzt, schneit Lëtzebuerg nämlech besonneg schlecht of. D’Contaminatioun duerch sougenannt Pestizid-Cocktailen wier bei Lëtzebuerger Äppel iwwer der europäescher Moyenne.