De Vereenten Natiounen no leiden iwwer 700 Millioune Mënschenop der Welt un Honger. Gläichzäiteg landen all Joer Milliounen Tonne Liewensmëttel an der Poubelle.
Am Kader vum Welternärungsdag seet de Benedikt Haerlin vun der Zukunftsstiftung Landwirtschaft vu Berlin am 100,7-Interview, datt een op där enger Säit eng Iwwerproduktioun a Verfettung vun der Gesellschaft huet, an op där anerer Säit hunn d’Leit net genuch ze iessen.
Iesse geet net "Hand an Hand"
Den däitsche Journalist a fréiere grénge Politiker beschäftegt sech zënter Joerzéngte mat dëser Problematik an huet ënner anerem de Projet “Save Our Seeds” an d’Liewe geruff, dee sech fir den Erhalt vun der Aartevillfalt beim Geseems asetzt, esou wéi de Projet “Weltacker”, dee weist, wéi vill Buedem all Mënsch op der Welt theoretesch zur Verfügung steet, a wéi mir en notzen.
Säi Constat ass kloer: Et gëtt genuch produzéiert, mee d’Iesse geréit net ëmmer an déi richteg Hänn.
“Und das hat nichts damit zu tun, dass wir zu wenig herstellen, sondern dass es nicht Hand in Hand geht, sondern dass manche Menschen einfach ausgeschlossen sind. Das hat mit Ungerechtigkeit auf dem Lande speziell zu tun, mit Landgrabbing auch, mit Vertreibung.”
An de leschten 10 Joer ass d’Zuel vun de Mënschen, déi net genuch ze iessen hunn, och weider eropgaang, esou de Benedikt Haerlin. Weltwäit wier een awer och eng éischte Kéier an der Situatioun, datt et méi iwwergewiichteg Leit op der Welt ginn, ewéi Leit mat Ënnergewiicht.
Méi wéi just Liewensmëttelproduktioun
Mat sengem Projet “Weltacker” wëllt de fréiere Politiker veranschaulechen, wéi vill Terrain all Mënsch op dëser Welt bréicht, fir sech ze ernären. Insgesamt ginn et 1,6 Milliarden Hektar Terrain op der Welt. Wann een dann d’Rechnung mécht, spréngt fir all eenzelne Mënsch 2.000 Quadratmeter eraus. Mee dat wier “überschaubar”, seet de Benedikt Haerlin.
“Man kann für 2.000 Quadratmeter durchaus Verantwortung übernehmen. Und dort muss nicht nur alles wachsen, was du isst, sondern auch deine Jeans wachsen, weil das ist aus Baumwolle, und wenn du mit sogenanntem Biodiesel fährst, dann muss das auch auf diesen 2.000 Quadratmetern wachsen.”
Esou géing säi Projet veranschaulechen, wéi vill Ressourceneen am Alldag consomméiert. Et wéilt een awer och weisen, wéi een dës Fläch esou notze kéint, datt et esou wuel fir de Consommateur, wéi och fir de Planéit gesond ka sinn.
Jonk Generatioune mat ënnerschiddlechem Wëssen
“Weltacker” ass op verschiddene Kontinenter aktiv. E Beispill ass Shanghai, wou d’Kanner aus der Milliounestad weekends baussen op de Felder gewise kréien, wou a wéi de Reis wiisst. Kenia, Indien a Brasilie si weider grouss Länner, wou de Projet aktiv ass.
Wat de Benedikt Haerlin feststellt: Jee no Kontinent wëssen d’Kanner méi oder manner iwwer déi landwiertschaftlech Notzung vum Terrain Bescheed.
“Also wir haben ein Projekt gemacht, wo die Kinder aus Kenia sich mit Kindern in Neukölln in Berlin ausgetauscht haben. Und da war ganz offensichtlich, dass die Kinder in Kenia so viel kompetenter sind. Sie wissen viel besser Bescheid, wo was, wann wächst und so weiter und so fort.”
Ënner dem Stréch soll “Weltacker” weisen, datt all eenzelne Mënsch Deel vun der Natur an engem Kreeslaf ass.