Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - You Will Never Work In Television Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Choix vum Lëtzebuerger EU-Kommissär: Luc Frieden bleift beim Christophe Hansen

Lëtzebuerger EU-KOMMISSÄR

Choix vum Lëtzebuerger EU-Kommissär: Luc Frieden bleift beim Christophe Hansen

De Premier Luc Frieden proposéiert den CSV-Deputéierte Christophe Hansen als neie Lëtzebuerger EU-Kommissär. Hien hätt der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen dat haut matgedeelt, huet de Lëtzebuerger Premier op X annoncéiert. Kritiséiert gouf d'Nominatioun awer scho vun den europäesche Sozialisten.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Hien hätt ee gutt Gespréich mat der Kommissiounspresidentin gehat, sou de Luc Frieden am 100Komma7-Interview. Et wier een zur Conclusioun komm, dat ëmzesetzen, wat schonn zejoert an der Koalitioun decidéiert gouf.  

Luc Frieden: Christophe Hansen gouf duerch EU-Wal legitiméiert

De Christophe Hansen wier op Grond vu senger laangjäreger Erfarung an den Europäeschen Institutiounen deen ideale Kandidat, sou de Premier am 100,7-Interview.

Dobäi kéim, datt den CSV-Politiker an den Europawalen duerch säi gutt Resultat “eng Zort Legitimatioun” fir dee Poste kritt hätt.

D’Ursula von der Leyen hat d’Länner opgefuerdert, hir jeeweils zwee Nimm, also eng Fra an ee Mann, ze nennen. Et hätt bis elo keen anert Land zwee Kandidate proposéiert, a Lëtzebuerg géing dat och net maachen, seet dozou de Luc Frieden. Et wier jo och penibel, fir déi Persoun, déi um Enn net zeréckbehale gëtt.

Lëtzebuerg huet keng weiblech Kandidatin zeréckbehalen

Bis elo hunn 20 EU-Länner Kandidate poséiert - dorënner si 14 Männer a just 6 Fraen. Op d’Fro, ob hien dann net awer vläicht nach een aneren Numm am Tirang hätt, seet de Luc Frieden:

“D’Diversitéit ass wichteg, mee d’Diversitéit huet vill Facetten. Fir eis ass de Christophe Hansen de beschte Kandidat an et ass och deen eenzege Kandidat, deen d’Regierung zeréckbehalen huet.”

Wat de Choix vum Portefeuille ugeet hätt hien een Echange de Vue mat der Kommissiounspresidentin gehat, mee et wier ze fréi eppes doriwwer ze soen.

Nicolas Schmit keng Optioun méi fir de Luc Frieden

Et war jo nach eng aner Persoun mat vill Experienz op EU-Niveau am Gespréich fir Lëtzebuerger Kommissär ze ginn: Dat war de Nicolas Schmit, den aktuellen EU-Kommissär a Spëtzekandidat vun den europäesch Sozialisten, déi fir hien een héije Posten an der Kommissioun gefuerdert hunn.

Et wier un enger Regierung an net un enger Partei oder engem anere Land hire Kandidat ze nennen, seet dozou de Luc Frieden.

“Dat ass keng Decisioun géint eng aner Persoun, mee dat ass eng Decisioun fir de Christoph Hansen an domadder sinn all aner Wënsch, Iwwerleeungen, déi aner Regierungscheffe vläicht hunn par rapport zu Lëtzebuerg vum Dësch.”

Hie kéint sech net virstellen, datt d’Kommissiounscheffin elo mat enger anerer Demande en vue vum Nicolas Schmit kéim, sou nach de Premier.  An deem Fall misst se dat jo bei anere Länner ufroen. 

Kritik vun den europäeschen a Lëtzebuerger Sozialisten

Déi europäesch Sozialiste reagéiere kritesch: Lëtzebuerg géif mat der Nominéierung vum Christophe Hansen mam Spëtzekandidate-Prinzip briechen, well de Luc Frieden e Parteikolleeg virzitt. Dobäi wier den Nicolas Schmit den natierleche Choix gewiescht. De Choix géif och ee schlecht Liicht op déi zweet Amtszäit vun Ursula von der Leyen als Kommissiounspresidentin werfen, seet de René Ripasi, de President vun den SPD-Europadeputéierten.

D'Francine Closener vun der LSAP huet sech an enger éischter Reaktioun enttäuscht gewisen. Et wier enttäuschend, mee net iwwerraschend, datt Luc Frieden d‘Interesse vu senger Partei virun d’Interesse vum Land géif stellen, esou d'LSAP-Politikerin. Enttäuschend wier och, datt de Luc Frieden keng Fra proposéiert huet, wat d‘Ursula vun der Leyen explizitt gefuerdert hätt. Dat géif weisen, datt d‘Chancëgläichheet der CSV, an dem Premier, net ganz wichteg wieren.

Dat lescht Wuert wier awer nach net geschwat, huet d‘LSAP Co-Presidentin betount. Et wäerten nach Gespréicher mat den europäesche Sozialisten, der LSAP an dem Nicolas Schmit lafen. An et misst ee kucken, op den EU Länner hir proposéiert Kandidat:innen fir d‘Kommissiounsposten och vum EU Parlament wäerten ugeholl ginn, esou nach d’Francine Closener.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik