Radioen

On air

Moiesstudio  |  Jessie Thill

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg muss sech an der Diskussioun ronderëm dat europäescht Liwwerkettegesetz positionéieren

Fuerderung vu verschiddenen ONGen

Lëtzebuerg muss sech an der Diskussioun ronderëm dat europäescht Liwwerkettegesetz positionéieren

Déi europäesch Direktiv iwwer d'Liwwerkette soll dofir suergen, datt Entreprisen an hir Zouliwwerer d’Mënscherechter an den Ëmwelt- a Klimaschutz respektéieren. Si ass am gaangen ofgeschwächt ze ginn, sou datt se um Enn riskéiert, hirt Zil ze verfeelen, esou d’Initiativ fir een droit de vigilence, déi elo eng Campagne lancéiert huet, déi vun enger Partie Lëtzebuerger Perséinlechkeeten ënnerstëtzt gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Liwwerkettegesetz | © picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde play_arrow
Liwwerkettegesetz (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

Eng vun hinnen ass d’Nora Back, Presidentin vum OGBL. Et hätt een op nationalem Plang scho vill gestridden a fir eng Gesetzgebung gekämpft. Elo, wou et eng europäesch Direktiv géif ginn, géif déi duerch den "Omnibus komplett verwässert", sou d'Gewerkschaftspresidentin. "An dat ass eppes wou mer eis zesummen dogéint musse wieren - alleguerten d’Acteuren."

Den Omnibus - dat ass ee Pak, deen d’Europäesch Kommissioun proposéiert huet. Et geet drëm eng Partie europäesch Gesetzer, dorënner dat iwwert d’Liwwerketten op de Leescht ze huelen. Ënnert dem Stéchwuert "Simplification administrative" - an der Haaptsaach géif et do drëm, den Entreprisen ze hëllefen, déi Gesetzer ëmzesetzen.

D'Lëtzebuerger Regierung misst Faarf bekennen

"Et geet mat deem Omnibus Package Vollgas an déi falsch Richtung op europäeschem Niveau", seet de Jean-Louis Zeien vun der Initiativ fir een droit de vigilence. Speziell, wat d’Liwwerkettegesetz ugeet, géif eng Direktiv déi nach net wierkungsvoll wier, elo schonn erëm ofgeschwächt ginn.

D’Lëtzebuerger Regierung misst hir Positioun festleeën a soen, ob a wou genee si déi Propos vun der Kommissioun ënnerstëtzt.

Si huet scho genee ewéi all déi aner 26 EU-Regierunge Jo gesot, datt d’Direktiv eréischt 2028, also ee Joer méi spéit ewéi geplangt, soll ëmgesat ginn. Och d’Europaparlament huet dofir virun zwou Woche gréng Luucht ginn.

Mënscherechtskommissioun kloer géint Réckschrëtter

Elo gëtt gefaart, datt och inhaltlech um Gesetz geschafft gëtt. An et doduerch net méi effikass ass.

"D'Positioun vun der Mënscherechtskommissioun ass ganz kloer. Mir opposéieren eis all Réckschrëtt op EU-Niveau. A wann deen Omnibus esou ugeholl gëtt, ass dat ganz kloer e Réckschrëtt", stellt d‘Noémie Sadler Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun kloer. Menscherechtsorganisatioune kéinten zum Beispill där neier Propose no net méi ëm hir Meenung gefrot ginn.

"Alles wat an déi Richtung geet, fir déi Reegelen opzeweechen, déi Direktiv a Fro ze stellen, ass ganz kloer aus kannerrechtecher Siicht e Réckschlag", seet och den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit.

D’Campagne huet elo Entrevuë mat verschiddene Ministeren, déi mat der Direktiv ze dinn hunn, ugefrot.

Lauschterenplay_arrow