Op der Reunioun vun den Aussen-a Verdeedegungsministere vun deene Staaten, déi d‘Ukrain ënnerstëtzen, huet déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes ugekënnegt, datt Lëtzebuerg zesumme mat de Benelux-Staate Granate baussent der EU géif kafen. Parallel huet d‘Yuriko Backes matgedeelt, datt Lëtzebuerg rezent ronn 6.000 där Artilleriegranaten un d‘Ukrain geliwwert huet. Zesumme mat Estland gëtt donieft un engem modernen Informatik- a Kommunikatiounssystem fir dat ukrainescht Militär geschafft.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Lëtzebuerg keeft weider Artilleriemunitioun fir d'Ukrain
Ënnerstëtzung
Lëtzebuerg keeft weider Artilleriemunitioun fir d'Ukrain
Lëtzebuerg bedeelegt sech un der Initiativ vun der tschechescher Republik fir d‘Ukrain mat Artilleriemunitioun ze verdeedegen.
auto_stories
1 min