Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino : Sauer Zockerbounen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg bedeelegt sech un enger Dronen-Iwwerwaachungsunitéit am Kosovo

Arméi

Lëtzebuerg bedeelegt sech un enger Dronen-Iwwerwaachungsunitéit am Kosovo

Lëtzebuerg gëtt ronn 1 Millioun Euro fir eng Dronen-Iwwerwaachungsunitéit am Kosovo aus. Dat gouf de Mëttwoch an der Chamber-Verteidegungs- an Aussekommissioun ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

12 Zaldoten - dorënner 7 Lëtzebuerger a 5 Belsch - solle vu Mëtt nächst Joer u fir ee Joer un der Missioun am Kader vun den NATO-KFOR-Truppen deelhuelen, heescht et um Site vun der Chamber.

Et wier déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg de Kommando vun enger gemeinsamer Missioun mat der Belsch iwwerhëlt, sot de Generol Steve Thull. Dat wier een Zeechen dofir, datt d'Lëtzebuerger Arméi méi "erwuesse" gi wier.