D’Ukrain an d’Situatioun an der Gazasträif, datt sinn d’Haaptsujeten haut op der Reunioun vun den Ausseministeren aus de 27 EU-Länner.
Lëtzebuerg fir Waffepaus am Noen Osten
Lëtzebuerg géing d’Fuerderung no enger Wafferou am Noen Osten ënnerstëtzen, sot de Moien de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel vrun der Reunioun zu Bréissel. Am Moment géif ee riskéieren ee Kierfecht an der Gazasträif ze produzéieren.
“Et sinn all Dag palästinensesch Leit, déi, stierwen. An Israel wëssen se, datt eng Gefor, ass sou laang, d'Hamas staark ass. Dofir muss een eng Léisung fannen, fir datt am Fong béid Bevëlkerungen, ob dat lo Palästinenser sinn, ob dat lo Israeeli sinn, d'Recht hunn, friddlech ze liewen, ouni sech musse Froen ze stellen, wat geschitt muer?”
Ukrain an d’EU: Ungarn blockéiert
Wat d’Situatioun an der Ukrain ugeet, geet et drëm, am Virfeld vum EU-Sommet en Donneschdeg an e Freiden, den Terrain ze sondéieren. Op deem Sommet sollen d’Staats- a Regierungscheffen nämlech gréng Luucht gi fir Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain unzefänken.
Lëtzebuerg ass do dofir, dat hat scho virun zwou Wochen de Premier Luc Frieden zu Bréissel gesot. Dat muss awer eestëmmeg decidéiert ginn a bis elo ass awer Ungarn dogéint. Do gëtt et also nach Diskussiounsbedarf.
Den Ukrainer elo ee Kuerf ze gi wier een Zeechen, datt d’EU d’Land fale léisst. Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel de Moie virun der Reunioun hei zu Bréissel.
Wat genee heescht: “sou laang wéi néideg”?
Ma wéi staark ass déi Ënnerstëtzung vun der EU nach? D’Unioun hätt versprach, d’Ukrain esou laang ewéi néideg ze ënnerstëtzen an den Ament géingen d’Limitte vun deem getest, wat “esou laang wéi néideg heescht”, sou de litaueschen Ausseminister Gabrielis Landsbergis.
Mir verspriechen der Ukrain dat zanter 2 Joer, vill vun eis hu gefrot, ob sou laang wéi néideg heescht, sou laang bis d’Ukrain de Krich gewënnt. Et gesäit esou aus, wéi wann et géing heeschen, sou laang wéi mir eis eens sinn
Borrell: EU-Unitéit dierf net gebrach ginn
Ungarn awer dreet weider mat engem Veto. De Baussebeopraagten Josep Borrell appelléiert un déi europäesch Unitéit.
“Ech hoffen, datt d’Unitéit vun der europäescher Unioun net gebrach gëtt. Well et ass net de Moment, fir d’Ënnerstëtzung ze schwächen, am Contraire si muss méi staark ginn.”
Den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba - ass och bei der Reunioun zu Bréissel present.
Kuleba: Ukrain huet Hausaufgabe gemaach
Säi Land hätt seng Hausaufgabe gemaach, sou den Dmytro Kuleba. Bannent engem Mount wieren dräi vu véier Gesetzer ëmgesat, déi d’EU bis Mäerz verlaangt huet, vum Parlament adoptéiert ginn. Enner anerem dat iwwer de Gebrauch vu Sprooche vu Minoritéiten, wat Ungarn verlaangt huet.
“Mir kenne sprangen an danze wann dat gefrot gëtt - ma et sollt ee fair spillen, wa mir dat maachen, wat vun eis gefrot gëtt, sollt dat als Resultat ugesi ginn”
Bettel: Net vergiessen, wat an der Ukrain geschitt
De Xavier Bettel sot, hie géing hoffen, datt den ungaresche Premier Viktor Orban nach kann iwwerzeegt ginn, datt een elo zesumme Geschicht schreiwe muss. Et sollt een net dat falscht Signal erausschécken.
“Et ass mënschlech, datt et eng gewëss Fatigue par Rapport zur Ukrain gëtt, och an den Zeitungen. Haut ass Gaza an Israel méi am Fokus wéi d’Ukrain - mee dann dierf een awer net vergiessen, wat do geschitt. Dat wier dee gréisste Feeler dee mer kéinte maachen.”