Radioen

On air

Kultur um 5  |  D’Aube Rey Lescure iwwert hire Roman "River East, River West"

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg ass Europameeschter am Reesen

Zuele vum STATEC

Lëtzebuerg ass Europameeschter am Reesen

Lëtzebuerger Residentë sinn Tourismuseuropameeschter: Dat weisen d‘Statistiken, déi de STATEC a Saachen Tourismusgewunnechten zesummegedroen huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Maridav

Gekuckt gouf dobäi souwuel op d‘Gewunnechte vun de Residentë wéi och op d‘Tourismusoffer hei am Land. 

2,8 Millioune Fräizäitreesen

Ëmmerhi 36 Nuechte verbréngt e Resident am Schnëtt wärend Vakanzenopenthalter am Ausland, duerchschnëttlech kascht esou eng Nuecht 169 Euro. Domadder sinn d‘Lëtzebuerger Europameeschter am Reesen, souwuel wat d‘Unzuel vun den Iwwernuechtunge wéi och d‘Zuel vun de Reesen ugeet 2,8 Millioune Fräizäitreesen hunn d‘Lëtzebuerger 2023 organiséiert, dem sti 450.000 berufflech Deplacementer géigeniwwer.

Keng Iwwerraschung ass d‘Feststellung dat d‘Zuel vun den Iwwernuechtungen direkt un d‘Akommes vum Ménage gebonnen ass. Reesen ass eppes fir déi Räich. Déi ginn dann och am Schnëtt 1190 Euro pro Kapp a Rees aus. Am ganzen hunn d‘Residenten 2022 bal 3,4 Milliarden Euro fir d‘Reesen ausginn. 

Am léifste mam Auto fort

92 Prozent vun de Vakanze goufen an Europa verbruecht, 41 Prozent an den direkten Nopeschlänner Frankräich, Belsch an Däitschland. 27 Prozent vun den Destinatiounen da loungen an engem ganz enken Ëmkrees an der Regioun. Holland, d‘Vogeesen an d‘Belsch Côte sinn déi méi no Favoritten, a léifste gëtt den Auto benotzt virum Fliger an dem Zuch.

Wat den Tourismus zu Lëtzebuerg ugeet sou goufen 2023 ronn 1,4 Milliounen Arrivéeë mat 3,4 Milliounen Iwwernuechtunge gezielt. Kultur a Patrimoine wéi Buergen, Musée, historesch Plazen an Natur wéi de Mullerthal Trail waren Haaptmagnéiten. An eppes iwwer 40.000 Leit hunn 2022 zu Lëtzebuerg an der Tourismusbranche geschafft. 

Lauschterenplay_arrow