Radioen

On air

Notturno  |  Shabason & Krgovich - In The Middle Of The Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg: Ekonomesch Aktivitéit geet méi staark zeréck wéi d‘Moyenne an der Eurozon

Konjunkturflash vum STATEC

Lëtzebuerg: Ekonomesch Aktivitéit geet méi staark zeréck wéi d‘Moyenne an der Eurozon

Déi ekonomesch Aktivitéit geet zu Lëtzebuerg méi staark zeréck wéi d‘Moyenne an der Eurozon, seet de Statec. Dëse Réckgang hätt och een och en Impakt op d‘Aarbechtsplazen, esou dem Statec säin neiste Konjunkturflash.

auto_stories

1 min

An den éischten zwee Trimestere vum Joer wier de PIB ëm 1,7 Prozent zeréckgaangen am Verglach zur selwechter Zäit zejoert. Haaptgrond dofir wiere manner gudde Performancen am Finanzsecteur. Do wieren d‘Aarbechtsplazen awer nach stabil bliwwen.

An Secteuren Transport a Bau, par konter, hätt den ekonomesche Réckgang een Impakt op den Emploi, an dat besonnesch am Bau. Do wier d‘Zuel vun Aarbechtsplazen zanter ugangs vum Joer réckleefeg, an dat géif zur Hausse vum Chômagetaux bäidroen, esou de Statec.