Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dessy Mesk - Now And Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg rutscht am Welt-Kompetitivitéits-Index weider erof

Just nach Plaz 23.

Lëtzebuerg rutscht am Welt-Kompetitivitéits-Index weider erof

Lëtzebuerg ass nëmmen nach op der 23. Plaz am neie Welt-Kompetitivitéits-Index vun dësem Joer. Dat ass dat schlechtst Resultat, dat Lëtzebuerg bis elo verzeechent.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / weyo

Fir den Institut IMD, deen déi Etude mécht an d‘Chambre de Commerce, ass dat d‘Confirmatioun, datt Lëtzebuerg definitiv u Kompetitivitéit verléiert. Zanter 2021 fällt Lëtzebuerg am internationale Ranking, eleng an de leschten zwee Joer huet de Grand-Duché 10 Plaze verluer.

Dëst schlecht Resultat wier virun allem op di schwaach Economie zréckzeféieren. Lëtzebuerg huet méi e schwaache Wirtschaftswuesstums-Taux wéi d‘Moyenne an der Eurozon. An d‘Croissance ass hei am Land och méi niddreg wéi an anere klenge Länner.

Op den éischte Plazen am Kompetitivitéits-Index leie Singapur, Schwäiz, Dänemark an Irland.