Dem Léon Gloden säin Optrëtt géif ee “klenge batteren Nogoût vun enger perséinlecher Mise en évidence” hannerloossen, esou d’Liz Braz an hirer Fro. D’LSAP-Deputéiert huet och un d’Onofhängegkeet vun de Justizautoritéiten erënnert.
Et wier him wichteg gewiescht um Point presse dobäi ze sinn, fir ze weise wéi wichteg der Regierung de Kampf géint d’Droge wier, sou de Minister.
"An deene Leit, all deenen déi do Wochen, Joren a besonnesch déi lescht Woch intensiv geschafft hunn, fir déi do Drogen ze saiséieren, fir hinne ganz einfach merci ze soen, ni moins ni plus. An ech muss soen, Är Beschëllegunge si komplett niewent der Plack, Madamm Deputéiert, komplett niewent der Plack. An et deet mir leed, deen Niveau vun där Fro ass net ganz héich (...) Duerfir dat weist dee politesche Populismus vun der LSAP-Fraktioun an deem Dossier. (...) Mir als Regierung sinn houfreg op dee Coup (...). An ech hu mech an näischt agemëscht."
All Bedeelegter um Point presse ee Freideg wiere frou gewiescht, datt ee Regierungsvertrieder mat dobäi war, esou nach den CSV-Politiker Léon Gloden.