Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Winnetou ist kein Appache

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat den TICE net an der aktueller Form weiderbestoe kann

Geschäftsmodell geet net méi op

Firwat den TICE net an der aktueller Form weiderbestoe kann

Déi 9 Südgemenge kréien den TICE finanziell net méi gestemmt, oder si wëllen en net méi eleng stemmen. Soss iwwerall am Land bezilt de Staat de Bustransport. An de Staat huet jo och prezis Virstellungen, wéi deen Transport soll organiséiert ginn, wéi eng Strecken a wéi enger Frequenz gefuer musse ginn.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Déi Erwaardungen hätten elo bedeit, datt den TICE fir d'éischt emol an zousätzlech Busser hätt missen investéieren, déi een dann awer néierens hätt kënnen ënner Daach stellen, well op sengem Site vis-à-vis vum Belval zu Esch keng Plaz méi ass.

Dann hätt en - fir op deene Busser ze fueren - och massiv nei Chauffeure misse rekrutéieren, déi - dat muss ee soen - och net bëlleg sinn, well si am Verglach mat de Kolleegen am Privatsecteur manner schaffen a méi verdéngen. Dat hätt déi 9 Gemengen Diddeleng, Keel, Rëmeleng, Esch, Schëffleng, Suessem, Déifferdeng, Käerjeng a Péiteng zesummen eng 45 Milliounen Euro d'Joer kascht an domat finanziell einfach iwwerfuerdert.

D'Zäiten hu geännert

De Geschäftsmodell vum TICE geet also net méi op. Wéi den TICE gegrënnt gouf, goung et drëm d'Leit tëschent den 9 Gemengen aus dem Kanton Esch hin- an hier ze féieren. Haut sinn d'Besoinen, d'Erwaardungen un den ëffentlechen Transport ganz anerer. D'Zäiten hunn eebe geännert.

Den TICE opzeléise wier warscheinlech déi logeschst Decisioun gewiescht, mee dat hätt natierlech wéigedoen. Den TICE gëtt et 110 Joer, do hänkt also och vill Häerzblutt drun. An da wier et natierlech och aarbechtsrechtlech guer net esou einfach gewiescht, e Betrib mat méi wéi 500 Mataarbechter, déi zum gréissten Deel fonctionariséiert sinn, einfach ofzewéckelen.

Syndicat mixte tëschent Staat a Gemengen

Iwwer déi nei Konventioun fir déi nächst 10 Joer gëtt momentan weider verhandelt. D'Tageblatt hat de Méindeg geschriwwenen, datt d'Gemengen do dann all Joer 15 Milliounen Euro d'Joer bäisteiere sollen - also ongeféier 20 Prozent vum Käschtepunkt, de Staat bezilt déi aner 80 Prozent. An dat an engem Syndicat mixte.

Wat genee no den 10 Joer geschitt, wann déi Konventioun ausleeft, muss een da gesinn. Mee da si mir, wat den ëffentlechen Transport ubelaangt an engem aneren Zenario. Da misst den Tram am Süden ukomm sinn, an dat bleift natierlech net ouni Konsequenzen op d'Organisatioun vum Bustransport.

D'Erklärunge vum Maurice Molitor

Lauschterenplay_arrow