Kloer wier awer och, datt d‘Infrastrukturen net méi duer ginn, fir der Demande vun de Cliente gerecht ze ginn. Dofir schafft d‘CFL zanter Joren u Verbesserungen, déi zum Deel och scho realiséiert gi wieren, seet de Generaldirekter vun der CFL Marc Wengler, am 100,7-Interview.
Ee vun de ganz groussen a wichtegste Projeten elo bleift den Ausbau vun der Zuchstreck op Beetebuerg. Do kommen nämlech 3 Linnen zesummen. Den Ament wier een och gutt an der Zäit, fir datt am September déi éischt Zich kënne fueren.
Virun der Press, méi spéit am Dënschdegmoien, seet den CFL-Generaldirekter iwwerdeems, datt d'lescht Joer iwwer 500 Leit agestallt goufen. An dat, obwuel een am nämmlechte Weier fësche géif wéi aner Patronen. D‘lescht Joer hätt een 2.000 CVe pro Mount kritt.
"Et ass net alles einfach, mee mir kréien et hin.”, betount de Marc Wengler an deem Kontext. De Moment schaffen eng 5.200 Leit fir d’CFL.